Am Fong
De Burn-out parental
56 min

Eréischt 2011 gouf ugefaangen, iwwer de Burn-out parental ze fuerschen. Dës belsch Etüd huet ënner de ronn 3.000 belsche Famillen erausfonnt, datt fënnef Prozent vun den Elteren ënner esou engem Burn-out leiden an 13 Prozent e "risque élevé" hunn. All d'Geschlechter aus alle soziale Schichte kënnen dovu betraff sinn. Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg a wat kann ee maachen, fir e Burn-out parental ze verhënneren? Erklärungen huet d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul. D'Tessy Steffen Koenig féiert duerch d'Diskussioun.
Episoden
Repairs For Future
De Michel Heftrich mécht mat sengem E-Vëlo Statioun an der Emissioun Am Fong.
Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"
Invitée ass d'Biologin Lieke Mevis, déi och Beroderin bei Natur an Ëmwelt ass. Si erkläert wéi a wisou d'Insekten-Aarte gezielt ginn.

De Musekssecteur organiséiert sech
Concertssäll, Festivallen, Interpreten, Createuren, an aner Museksberuffer di sech zesummen. Am Virfeld vun den Nationalwale stelle si hir Revendicatiounen un d'Politik.

Gemengewalen 2023
De Jean-Claude Franck a Maurice Molitor analyséieren d'Resultater vun de Gemengewalen 2023.
Hännwäsche rett Liewen
Invitéeë sinn zwou Infirmièren: d'Tina Koch, Infirmière an der Psychiatrie, der Infektiounspreventioun an -kontroll an d'Françoise Schmitt, Infirmière an der Infektiouns-Preventioun.
Energiemonitoring mat Smart Homes Do it yourself
Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn zwee Experten am Beräich Do it yourself Smart Homes an Home Assistants.
Live vum Stater Maart
Kuerz virun de Gemengewale schwätze mir mat Interessevertrieder aus der Stad. Zu Wuert komme Vertrieder aus verschidde Quartieren, ProVelo an de Stater Geschäftsverband.

Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"
D'Bezéiung ënner Geschwëster ass eng ganz besonnesch, seet d'Nora Van Daele vun der Eltereschoul. Mat Geschwëster léiert ee streiden a sech nees verdroen.
Fukushima: 12 Joer noom Supergau
Als Delegatiounsmember fir Transparenz an Informatioun iwwer nuklear Sécherheet war den Atom Expert, Roger Spautz a Japan, a verzielt wat hien do gesinn huet.
Spezialemissioun vun Iechternach
Historesches, live aus der eelster Stad vum Land. Gespréicher iwwer d'Sprangpressessioun, d'Ausgruewungen ënner der Petite Marquise an iwwer de Park vun der Abtei.
Live vun Esch: Wat bléift vum Kulturjoer 2022 ?
Mir diskutéieren op der Escher Brillplaz mam Artist Serge Ecker, dem artisteschen Direkter vun der Escher Konschthal, Christian Mosar, a mam Escher Kulturschäffen Pim Knaff.
ALAN - am Asaz fir maladies rares
Zwou Invitéeën sinn de Mueren am Studio. Déi nei ALAN Presidentin Anja di Bartolomeo an d'Hannah Hommel, déi mat enger rarer Krankheet lieft.
Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht
Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
