Radioen

On air

9 bis 1  |  Drife - Hit The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

Am Fong

100komma7.lu / Am Fong

/ Dépistage HIV

Dépistage HIV

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère sensibiliséiert de Service HIV-Berodung vun der Croix-Rouge verstäerkt op d'Virdeeler, fir sech testen ze loossen.

Haut kann ee mat engem Traitement mam HI-Virus liewen, et muss een ebe just wëssen, datt een infizéiert ass. Schätzunge vum europäeschen Zentrum fir d'Preventioun vun ustiechende Krankheeten, no wësse 15-20 Prozent vun de Leit, déi infizéiert sinn, dat awer net. Dofir soll een sech och all Kéier wann een ongeschützte Sex mat enger Persoun huet, vun där een de Status net kennt, teste loossen.

Net just AIDS, ma och aner sexuell iwwerdrobar Krankheete kënnen iwwer ee precocen dépistage detektéiert ginn. Wat fir eng sinn dat ? Wéi gëtt esou een Test realiséiert ? Wat sinn déi sanitär Avantage? Deene Froe geet d'Emissioun Am Fong op de Fong.

Presentéiert vum Natasha Ehrmann

Episoden

Repairs For Future

De Michel Heftrich mécht mat sengem E-Vëlo Statioun an der Emissioun Am Fong.
headphones

55 min

play_arrow

Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"

Invitée ass d'Biologin Lieke Mevis, déi och Beroderin bei Natur an Ëmwelt ass. Si erkläert wéi a wisou d'Insekten-Aarte gezielt ginn.
headphones

55 min

play_arrow
De Musekssecteur organiséiert sech

De Musekssecteur organiséiert sech

Concertssäll, Festivallen, Interpreten, Createuren, an aner Museksberuffer di sech zesummen. Am Virfeld vun den Nationalwale stelle si hir Revendicatiounen un d'Politik.
headphones

56 min

play_arrow
Gemengewalen 2023

Gemengewalen 2023

De Jean-Claude Franck a Maurice Molitor analyséieren d'Resultater vun de Gemengewalen 2023.
headphones

55 min

play_arrow

Hännwäsche rett Liewen

Invitéeë sinn zwou Infirmièren: d'Tina Koch, Infirmière an der Psychiatrie, der Infektiounspreventioun an -kontroll an d'Françoise Schmitt, Infirmière an der Infektiouns-Preventioun.
headphones

55 min

play_arrow

Energiemonitoring mat Smart Homes Do it yourself

Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn zwee Experten am Beräich Do it yourself Smart Homes an Home Assistants.
headphones

55 min

play_arrow

Live vum Stater Maart

Kuerz virun de Gemengewale schwätze mir mat Interessevertrieder aus der Stad. Zu Wuert komme Vertrieder aus verschidde Quartieren, ProVelo an de Stater Geschäftsverband.
headphones

56 min

play_arrow
Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"

Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"

D'Bezéiung ënner Geschwëster ass eng ganz besonnesch, seet d'Nora Van Daele vun der Eltereschoul. Mat Geschwëster léiert ee streiden a sech nees verdroen.
headphones

54 min

play_arrow

Fukushima: 12 Joer noom Supergau

Als Delegatiounsmember fir Transparenz an Informatioun iwwer nuklear Sécherheet war den Atom Expert, Roger Spautz a Japan, a verzielt wat hien do gesinn huet.
headphones

56 min

play_arrow

Spezialemissioun vun Iechternach

Historesches, live aus der eelster Stad vum Land. Gespréicher iwwer d'Sprangpressessioun, d'Ausgruewungen ënner der Petite Marquise an iwwer de Park vun der Abtei.
headphones

55 min

play_arrow

Live vun Esch: Wat bléift vum Kulturjoer 2022 ?

Mir diskutéieren op der Escher Brillplaz mam Artist Serge Ecker, dem artisteschen Direkter vun der Escher Konschthal, Christian Mosar, a mam Escher Kulturschäffen Pim Knaff.
headphones

55 min

play_arrow

ALAN - am Asaz fir maladies rares

Zwou Invitéeën sinn de Mueren am Studio. Déi nei ALAN Presidentin Anja di Bartolomeo an d'Hannah Hommel, déi mat enger rarer Krankheet lieft.
headphones

56 min

play_arrow

Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht

Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
headphones

55 min

play_arrow
Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch

Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch

Am neien Departement vun den Escher Archiven gëtt d'Bevëlkerung opgeruff aktiv matzeschaffen. De Yannick Kieffer, Archivist an Historiker erzielt iwwer de Projet.
headphones

56 min

play_arrow

Inklusioun - Adapto

Mam Sascha Lang analyséiere mir den Adapto an héiere wéi wäit en adaptéiert ass.
headphones

55 min

play_arrow

École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg

Zwee Invitéë sinn am Studio: D'Ernärungsberoderin Simone Dégardin an de Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
headphones

55 min

play_arrow

Täuschend Echt - Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg

Am Virfeld vun der Ausstellung am natur musée eng Visitt mam Botaniker a Curateur
headphones

55 min

play_arrow

Spezialemissioun vun Dikrech

Live vun der Maartplaz: Gespréicher iwwer d'Kavalkad, d'Dikrecher Muséeën, d'Hotelsschoul an Al Dikrech.
headphones

56 min

play_arrow

Neie Rainbow Center - E Safe Space

Invité ass den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg.
headphones

55 min

play_arrow

École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg

Zwee Invitéë sinn am Studio: D'Ernärungsberoderin Simone Dégardin an de Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
headphones

55 min

play_arrow