Am Fong
Podcast: Schlechte Schüler
Et ass Freideg - an "Am Fong" ass Podcast-Dag mat enger neier Episod vum "Schlechte Schüler". Eis Podcast-Serie geet der Fro no, wéi eescht mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem huelen. "Esch international" heescht déi drëtt Episod, déi der Fro nogeet, ob déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen.
Am Uschloss un d'Episod schwätzt d'Natasha Ehrmann mat zwee Gäscht iwwer d'Vir- an Nodeeler vun dësem alternative Schoulmodell: Am Studio sinn d'100,7-Journalistin Pia Oppel, wat de Podcast mat realiséiert huet, an d'Julie-Suzanne Bausch, Direktesch vun der École internationale zu Miersch.
D'Podcast-Serie "Schlechte Schüler" huet am Ganze sechs Deeler, all Méindeg fannt Dir eng nei Episod op 100komma7.lu an iwwerall do wou et Podcaste gëtt.