Am Fong
Podcast: Schlechte Schüler
55 min
Et ass Freideg - an Am Fong ass Podcast-Dag mat enger neier Episod vum "Schlechte Schüler". Eis Podcast-Serie geet der Fro no, wéi eescht mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem huelen. "En Français, s'il te plaît" heescht déi véiert Episod, déi der Fro nogeet, ob deen neie Pilotprojet fir eng franséisch Alphabetisatioun elo méi Succès kéint hu wéi ee viregt Experiment an den 1970er.
Am Uschloss un d'Episod schwätzt d'Natasha Ehrmann mat zwee Gäscht iwwer d'Vir- an Nodeeler vun der franséischer Alphabetisatioun: Am Studio sinn d'100,7-Journalistin Pia Oppel, dat de Podcast mat realiséiert huet, an de Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopédie.
D'Podcast-Serie "Schlechte Schüler" huet am Ganze sechs Deeler, all Méindeg fannt Dir eng nei Episod op 100komma7.lu an iwwerall do, wou et Podcaste gëtt.