Biotop
Liichtblécker fir d'Zukunft, positiv Nouvellen am Ëmweltbereich
8 min

Ëmweltschutz, een Theema, dat ëmmer méi aktuell gëtt an och muss ginn. Wéi ass et hei zu Lëtzebuerg? Wéi vill gëtt wierklech gemaach? Wéi sti mir par Rapport zu anere Länner?
Et ass en Theema, dat fir Gespréich suergt, meeschtens en negatiivt ... Mir hunn eis geduecht, et wier och mol un der Zäit no positive Nouvelle sichen ze goen, där ginn et der nämlech och hei zu Lëtzebuerg, an déi däerfe mir net vergiessen.
Mir wäerte virun allem doriwwer schwätzen, a wéi enge Beräicher eist Land e Virsprong am Ëmweltschutz huet, ouni Greenwashing fir eis aktuell Politik ze maachen, mee fir ze weisen, datt villes machbar ass, wann de Wëllen do ass.
Hei wäerte mir virun allem op verschidde Moossname fir de Klima - an Naturschutz, Biodiversitéit, Mobilitéit, Drénkwaasser an eis Gesetzer zum Benotze vu Pestiziden agoen. Informatiounen mat der Marinne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
Episoden

GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
Eng flott Initiativ, bei där een esouwuel als Privatpersoun wéi och als Associatioun all méiglech Handwierksgeschier gratis ausléine kann.

Dëmpelen a Weieren, ënnerschate Liewensraim
Weieren an Dëmpele si méi komplex, wéi ee sech dat allgemeng virstellt. D'Klenggewässer sinn Natur an Kultur zugläich.

Dat richtegt Dëppe fir d'Planzen
Fir Planzen unzezille kann den Choix vum Dëppchen d'Aarbecht vereinfachen a Planze schützen.

GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
Eng flott Initiativ, bei där een esouwuel als Privatpersoun wéi och als Associatioun all méiglech Handwierksgeschier gratis ausléine kann.

Moukewanderung
Eng wichteg Rettungsaktioun. Firwat brauche Mouken eis Hëllef? Wéi kënne mir mat engem klenge Geste Grousses bewierken?

Planze fir de Büro, net nëmme schéi fir ze kucken
Planzen an engem zouene Raum dengen net nëmmen als Dekoratioun, mee hunn eng positiv Wierkung op eis Psyche an dee ganze Kierper.

Insekte-frëndlech Gaarden- a Balconsplanzen
Sech elo scho Gedanke maachen, éier d'Saison lassgeet, fir dann och genee ze wëssen, wat ee planze soll.

Urban Birds a Vulleschutz fir jiddwereen
Wat kënne mir maache kënnen, fir de Vullel d'Liewen an eise Stied an Dierfer méi einfach ze maachen?

D'Botz an d'Fleeg vum Gaardegeschier
Gaardegeschier botzen an oder flécken oder nei kafen: op wat gëllt et opzepassen?
E klenge Schrëtt fir mech, e grousse Schrëtt fir meng Ëmwelt
Grouss Aktioune si wichteg, mee hei gëtt den Accent op déi kleng Aktioune gesat, bei deenen all Mënsch sech fir d'Ëmwelt asetze kann.

D'Gesondheet vun eise Flëss
Missioun Kaalbermillen: Fir Grouss a Kleng iwwer d'Gesondheet vun eise Flëss opzeklären a Séisswaassermuschelen ze ziichten an auszesetzen.

Kanéil, Neelcheskäpp, Kardamom, Sesam a Stärenanäis
Elo ass Zäit fir exotesch Gewierzer. Ob fir ze kachen oder ze baken.

Liichtblécker fir d'Zukunft, positiv Nouvellen am Ëmweltbereich
Am Ëmweltberäich zu Lëtzebuerg gëtt et villes ze verbesseren, mee och munches ka gelueft ginn.

Nohalteg Feierdeeg, wéi kënnen déi ausgesinn?
Wärend de Feierdeeg verbréngt een eng schéin Zäit mat Frënn a Famill. Dëst si Momenter, wou och d'Nohaltegkeet net vergiess soll ginn.

Manner Luuchten, méi Stären, méi Déieren
D'Liichtverschmotzung an déi negativ Konsequenzen, ass eist Theema, mat der Fro: Wat kënne mir dogéint maachen, doheem am Haus an am Gaart?

Brennnessel - Urtica, eng pickeg awer ganz intressant Planz
Vill Léit sinn net frou mat Brennnesselen, mee d'Planz huet vill positiv Eegenschaften. Weltwäit ginn et ëm 70 verschidden Zorten.

Aktiounen am Kader vum nationalen Dag vum Bam
1992 war zu Lëtzebuerg deen éischten Nationalen Dag vum Bam. Dëst Joer ass en den 19. November 2023. An deem Kader sinn eng ganz Rei Planzaktioune fir Beem an Hecken.

E Wantermantel fir d'Planzen a Blummen am Gaart
Wéi kann ee senge Planzen am Gaart an op der Terrass een optimale Wanterschutz assuréieren, fir datt si gutt duerch den Wanter kommen.
