Am Fong
Inklusioun - Aktiounsplang 2.0
56 min
Inklusioun geet eis all eppes un! Mat där Iwwerschrëft titelt d'Regierung den Aktiounsplang 2.0. Ee Plang, deen 2019 lassgetrëppelt gouf a bis 2024 gëllt. But vum Aktiounsplang ass eng grouss Panoplie vu Léisungen ze fannen, déi jiddwerengem et erméiglechen an enger inklusiver an oppener Gesellschaft ze liewen, déi vun Diversitéit gekennzeechent ass.
Mënsche mat Behënnerung sollen d'Méiglechkeet hunn, hiert Liewe fräi ze gestalten. Dofir brauche si awer Ënnerstëtzung fir selwer iwwer hiert Liewen bestëmmen ze kënnen, et geet also ëm Autonomie. Eent vun der Behënnerte-Beweegung zu Lëtzebuerg staark gefuerdert Theema bleift d'Selbstbestëmmung.
Laut dem Aktiounsplang solle bis 2024 eng ronn 97 Mesuren ëmgesat ginn. Fir déi verschidden Etappe vum Plang besser evaluéieren ze kënnen, koum an dësem Aktiounsplang een Tëscherapport eraus. Een externen Auditeur, KPMG, krut den Optrag an huet gëschter (21.12.) de Rapport presentéiert.
Wat ass bis ewell ëmgesat? Wou si mir drun? Wat bleift ze maachen? Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Invité Sascha Lang.
Episoden

10 Prozent vun der Planzendiversitéit zu Lëtzebuerg si fort
De Botaniker a Fuerscher Guy Colling vum natur musée ass den Invité, am Kader vum Weltdag vun de menacéierten Aarten.
Take Off - Science Challenge Show
Invitéiert sinn zwee Wëssenschafts-Kommunikatoren: D'Lucie Zeches an de Joseph Rodesch, allebéid vum Fonds National de la Recherche, FNR.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.

Achtsamkeet a Rou am Schoulalldag
Kanner an der Grondschoul hunn dacks hektesch Deeg ouni Pausen. D'Achtsamkeetspädagogin Danielle Thurmes suergt dofir, datt si déi kréien.
Wikipedia op Lëtzebuergesch
D'Vertrieder vun der ASBL Wikimedia, mat der Missioun fräit Wëssen ze verbreeden an iwwer Wikimedia-Projeten ze sensibiliséieren: Marc Espen, Jean-Louis Gindt a Gilles Peter.
Spagat tëschent Schoul a Beruffswelt
De Sascha Lang ass Invité, de Sujet ass Inklusioun.
Angscht viru Kënschtlecher Intelligenz?
Wéi wäert AI eis Gesellschaft, eis Kultur an den Aarbechtsmaart veränneren? Äntwerte ginn et vum Prof. Dr. Christoph Schommer.
Gläichstellung am Sport: Eraus aus dem Abseits!
Invitée ass d'Joëlle Letsch. Mat der fréierer Presidentin vum Fraerot ginn d'Ënnerscheeder tëschent Mann/Fra am Sport analyséiert.
Mobbing an der Schoul
Invitéiert sinn d'Claire Russon, Attachée à la direction am CePAS an de Kevin Veiga, deen iwwer seng Experienz als gemobbte Persoun schwätzt.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger

Sozial Ongläichheeten an Antidiskriminéierung
Mat der Antidiskriminéierungstrainerin a Kënschtlerin Manon Diederich geet rieds iwwer Muechtverhältnisser a Minoritéiten an der Gesellschaft.
INFPC: en ëffentleche Service am Déngscht vum Lifelong-learning
D'Anne Oswald, Responsabel vu lifelonglearning.lu an d'Cathia Gromczyk, Responsabel fir d'Kommunikatioun beim INFPC, sinn am Studio.
Seniors For Climate Luxembourg: Am Kampf géint d'Klimakris
De Norbert Noben, de Simon Norcross an de Lucien Reger sinn allen dräi Member vun der jonker Associatioun an Invitéen am Studio
Inclusioun: Lobbyismus an Aktivismus
De Sascha Lang ass haut Invité fir iwwer Aktivismus a Lobbyismus ënner Mënsche mat Behënnerung ze schwätzen
Accès zu Bildung an ongläiche Gesellschaften
D'Professorin Dr Tanja Betz ass Expertin an der Fuerschung vun Inegalitéit am Schoulsystem an an der non-formaler Bildung. Si konzentréiert sech op d'Relatioun mat den Elteren an de Famillje
