Am Fong
Inklusioun - Aktiounsplang 2.0
56 min
Inklusioun geet eis all eppes un! Mat där Iwwerschrëft titelt d'Regierung den Aktiounsplang 2.0. Ee Plang, deen 2019 lassgetrëppelt gouf a bis 2024 gëllt. But vum Aktiounsplang ass eng grouss Panoplie vu Léisungen ze fannen, déi jiddwerengem et erméiglechen an enger inklusiver an oppener Gesellschaft ze liewen, déi vun Diversitéit gekennzeechent ass.
Mënsche mat Behënnerung sollen d'Méiglechkeet hunn, hiert Liewe fräi ze gestalten. Dofir brauche si awer Ënnerstëtzung fir selwer iwwer hiert Liewen bestëmmen ze kënnen, et geet also ëm Autonomie. Eent vun der Behënnerte-Beweegung zu Lëtzebuerg staark gefuerdert Theema bleift d'Selbstbestëmmung.
Laut dem Aktiounsplang solle bis 2024 eng ronn 97 Mesuren ëmgesat ginn. Fir déi verschidden Etappe vum Plang besser evaluéieren ze kënnen, koum an dësem Aktiounsplang een Tëscherapport eraus. Een externen Auditeur, KPMG, krut den Optrag an huet gëschter (21.12.) de Rapport presentéiert.
Wat ass bis ewell ëmgesat? Wou si mir drun? Wat bleift ze maachen? Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Invité Sascha Lang.
Episoden
Weltwaasserdag - Séisswaassermuschelen a Fiichtgebidder
D'Sonja Heumann ass Chimistin vu Beruff a schafft bei natur&ëmwelt. Si ass um Projet vun der Muschelenziichstatioun op der Kaalber Millen bedeelegt.

Charlotte Pull
D'Psychologin a Psychotherapeutin vum ZEV den Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht, ass Invitée beim Jean Claude Majerus.

Mäi Wëllen, Mäi Wee
De President vun der Associatioun "Mäi Wëllen, Mäi Wee", Associatioun pour le Droit de Mourir en Dignité, Jean Jacques Schonckert, ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht
Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
20. Mäerz - Weltdag vum Theater fir de jonke Public
Invitéeë sinn d'Carole Lorang, Directrice vum Escher Theater, an de Jean Bermes, President vun der Association Internationale du Théâtre pour l'Enfance et la Jeunesse (ASSITEJ).

Emotioune bei Kanner
Wéi kënne Kanner an hir Eltere mat Gefiller an Emotiounen ëmgoen? D'Véronique Nilles an d'Nora Van Daele aus der Eltereschoul ginn Äntwerten.

Wunnen op klengem Raum
D'Nickie Lippert ass Presidentin vun der Asbl "Tiny House Community" a wunnt zënter September 2021 mat hirer klenger Famill an engem Tiny House.

Marcel Barros
De fräien Energieberoder ass Invité an der Emissioun Am Fong beim Jean Claude Majerus. Et geet riets vun Solarenergie an Energiespäicher.
Schweden als Schlësselfigur bei der Energietransitioun?
Schweden huet momentan d'Presidence vun der EU. D'Danièle Weber war op eng Visitt an huet ënner anerem eng "Zukunftsstad" am Norde besicht.

"De Klamm-Sport ass de Partner vun der Natur"
Klamme gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi populär. Zemools d'Kloteren um Fiels huet e besonnesche Charme, soen de Jacques Welter an de Max Klein, zwee begeeschtert Kloterer.

Gendersensibel Sprooch
Et ass eng emotional Debatt. Mir diskutéiere ganz sachlech mam Luc Marteling vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Fréifërderung bei Kanner mat spezifesche Besoinen
Wat kënne sougenannt spezifesch Besoine sinn a wéi kann een d'Kanner an hiert Ëmfeld ënnerstëtzen? D'Chantal Feltgen, Psychologin, Familljentherapeutin a Mediatrice erkläert.

Eilen zu Lëtzebuerg
Nächste Samschdeg ass d'Nuecht vun de Kauzen. De Jim Schmitz vun der ASBL Natur an Ëmwelt erkläert, wéi geet et dëse faszinanten Déieren hautdesdaags geet a wou se liewen.
Als Museker:in zu Lëtzebuerg liewen - geet dat iwwerhaapt?
Mat der Claire Parsons an dem Georges Goerens schwätze mir iwwer hir musikalesch Karriär.

EDS-Lëtzebuerg. D'Liewe mam Ehlers-Danlos-Syndrom
Den Ehlers-Danlos Syndrom gehéiert zu de sougenannten rare Krankheeten och wann se net esou rare ass. An d'ASBL EDS-Lëtzebuerg setzt fir d'Intresse vun de concernéierte Mënschen an.

Paul Heber- Unicef Lëtzebuerg
De Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg, war d'lescht Woch an Polen ënnerwee fir sech konkret Projeten fir ukrainesche Kanner an de Paul Heber ass haut den Invité vum Jean Claude Majerus an der

D'Bindung ass d'Basis fir eng gutt Entwécklung
Fir Vertrauen a sech an an d'Ëmfeld ze hunn, brauch e Kand eng sécher Bindung, seet de Gilbert Pregno, Psycholog, Familljentherapeut - a Papp.
Inklusiv - eng Ëmfro iwwer d'Besoine fir Persoune mat Behënnerungen
Invité ass de Sascha Lang, dee mat der Familljen- an Integratioun-Ministerin Corinne Cahen iwwer d'Etüd geschwat huet.

Philip Crowther: Ee Joer Krich an der Ukrain
Virun engem Joer huet déi russesch Arméi hiert Nopeschland Iwwerfall. Zanter engem Joer couvréiert eisen Auslandskorrespondent Philip Crowther de Krich.
