Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

Den Dag nodeems Däitschland d’Verlängerung vun der Lafzäit vu sengen Atommeileren offiziell gemach huet, gouf zu Lëtzebuerg am Westen vum Land e Projet virgestallt, dee ganz op alternativ Energien an Technologië setzt. Zu Biekerech gouf nämlech den ëmwelttechnologesche Cluster ClimEEC virgestallt. Wat et mat ClimEEC genee op sech huet, erklären am Dossier vum Dag de Biekerecher Buergermeeschter Camille Gira, wéi de President vum LEADER-Projet Réiden-Wolz, de Marco Gaasch. Den Dossier gëtt presentéiert vum J-Pol Roden
(Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen