Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Am Fong

100komma7.lu / Am Fong

/ Meteo 2022 - d'Joer vun de Rekorder

Meteo 2022 - d'Joer vun de Rekorder

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Wien op de leschte Summer zeréckkuckt verhält, datt et zu Lëtzebuerg ze waarm an däitlech ze dréche war. D'Temperaturen iwwer 30 Grad hu fir Rekordhëtzt gesuergt, iwwerdeems 900 Stonne Sonn gemooss goufen.

Experte schwätzen apaart vun engem Summer, dee bis ewell all Rekorder iwwertraff huet. A jiddweree stellt sech d'Fro, ob dësen déi nei Normalitéit gëtt.

Den Hierscht war markant, wéinst den atypesche subtropesche Loftmassen, déi waarm an onstabel Loftmassen bruecht hunn.

Alles an allem bleift zeréck, datt 2022 dat zweet-wäermst Joer war, dat jee um Findel gemooss gouf, zanter 1947, Joer an deem fir d'éischte Kéier iwwerhaapt d'Temperature gemooss goufen. Bei MeteoLux um Findel, do wou déi national Wiederstatioun steet.

D'Emissioun Am Fong zitt mam Meteorolog vu MeteoLux Lucas Mathias de Bilan a kuckt, wat dann esou aussergewéinlech un deem Joer war? Ob de leschte Summer Synonym vum Klimawandel ass? Wouropper ee sech an Zukunft astelle muss? A wat de Wanter, deen amgaang ass, nach ze bidden huet?

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Episoden

Repairs For Future

De Michel Heftrich mécht mat sengem E-Vëlo Statioun an der Emissioun Am Fong.
headphones

55 min

play_arrow

Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"

Invitée ass d'Biologin Lieke Mevis, déi och Beroderin bei Natur an Ëmwelt ass. Si erkläert wéi a wisou d'Insekten-Aarte gezielt ginn.
headphones

55 min

play_arrow
De Musekssecteur organiséiert sech

De Musekssecteur organiséiert sech

Concertssäll, Festivallen, Interpreten, Createuren, an aner Museksberuffer di sech zesummen. Am Virfeld vun den Nationalwale stelle si hir Revendicatiounen un d'Politik.
headphones

56 min

play_arrow
Gemengewalen 2023

Gemengewalen 2023

De Jean-Claude Franck a Maurice Molitor analyséieren d'Resultater vun de Gemengewalen 2023.
headphones

55 min

play_arrow

Hännwäsche rett Liewen

Invitéeë sinn zwou Infirmièren: d'Tina Koch, Infirmière an der Psychiatrie, der Infektiounspreventioun an -kontroll an d'Françoise Schmitt, Infirmière an der Infektiouns-Preventioun.
headphones

55 min

play_arrow

Energiemonitoring mat Smart Homes Do it yourself

Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn zwee Experten am Beräich Do it yourself Smart Homes an Home Assistants.
headphones

55 min

play_arrow

Live vum Stater Maart

Kuerz virun de Gemengewale schwätze mir mat Interessevertrieder aus der Stad. Zu Wuert komme Vertrieder aus verschidde Quartieren, ProVelo an de Stater Geschäftsverband.
headphones

56 min

play_arrow
Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"

Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"

D'Bezéiung ënner Geschwëster ass eng ganz besonnesch, seet d'Nora Van Daele vun der Eltereschoul. Mat Geschwëster léiert ee streiden a sech nees verdroen.
headphones

54 min

play_arrow

Fukushima: 12 Joer noom Supergau

Als Delegatiounsmember fir Transparenz an Informatioun iwwer nuklear Sécherheet war den Atom Expert, Roger Spautz a Japan, a verzielt wat hien do gesinn huet.
headphones

56 min

play_arrow

Spezialemissioun vun Iechternach

Historesches, live aus der eelster Stad vum Land. Gespréicher iwwer d'Sprangpressessioun, d'Ausgruewungen ënner der Petite Marquise an iwwer de Park vun der Abtei.
headphones

55 min

play_arrow

Live vun Esch: Wat bléift vum Kulturjoer 2022 ?

Mir diskutéieren op der Escher Brillplaz mam Artist Serge Ecker, dem artisteschen Direkter vun der Escher Konschthal, Christian Mosar, a mam Escher Kulturschäffen Pim Knaff.
headphones

55 min

play_arrow

ALAN - am Asaz fir maladies rares

Zwou Invitéeën sinn de Mueren am Studio. Déi nei ALAN Presidentin Anja di Bartolomeo an d'Hannah Hommel, déi mat enger rarer Krankheet lieft.
headphones

56 min

play_arrow

Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht

Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
headphones

55 min

play_arrow
Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch

Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch

Am neien Departement vun den Escher Archiven gëtt d'Bevëlkerung opgeruff aktiv matzeschaffen. De Yannick Kieffer, Archivist an Historiker erzielt iwwer de Projet.
headphones

56 min

play_arrow

Inklusioun - Adapto

Mam Sascha Lang analyséiere mir den Adapto an héiere wéi wäit en adaptéiert ass.
headphones

55 min

play_arrow

École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg

Zwee Invitéë sinn am Studio: D'Ernärungsberoderin Simone Dégardin an de Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
headphones

55 min

play_arrow

Täuschend Echt - Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg

Am Virfeld vun der Ausstellung am natur musée eng Visitt mam Botaniker a Curateur
headphones

55 min

play_arrow

Spezialemissioun vun Dikrech

Live vun der Maartplaz: Gespréicher iwwer d'Kavalkad, d'Dikrecher Muséeën, d'Hotelsschoul an Al Dikrech.
headphones

56 min

play_arrow

Neie Rainbow Center - E Safe Space

Invité ass den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg.
headphones

55 min

play_arrow

École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg

Zwee Invitéë sinn am Studio: D'Ernärungsberoderin Simone Dégardin an de Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
headphones

55 min

play_arrow