Radioen

On air

Al Schanken  |  Stow Lake - Flite

play_arrow Live
arrow_back_ios

Am Fong

100komma7.lu / Am Fong

/ Blutt spenden - Mënschen hëllefen

Blutt spenden - Mënschen hëllefen

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Wie Blutt spent, kann aktiv dozou bäidroe fir d'Liewe vun anere Mënschen ze retten oder vu Kranken a Blesséierten ze verbesseren. Jiddweree kann a sengem Liewen gesondheetlech an eng Phas kommen, an där hien ofhängeg vu anere Leit hirem Blutt oder Plasma ass. Deemno ass et wichteg, datt och genuch Leit Blutt a Plasma spenden.

Et brauch een 100 bis 120 Bluttspender den Dag, fir de Besoin vum Land ofzedecken. An de leschte Wochen hat d'Croix Rouge just 60 bis 70 Spender den Dag. Domadder ass de minimale Seuil u Bluttkonserven erreecht, an d'Reservë sollen nees opgefëllt ginn.

D'Coix-Rouge huet e Register, an deem tëschent 13.000 an 14.000 Bluttspender repertoriéiert sinn. Eng Zuel, déi iwwer déi lescht Jore stabel bliwwen ass. Well eis Populatioun awer stänneg wiisst, geet et mat de registréierte Spender net méi duer fir der ganzer Gesellschaft gerecht ze ginn. Deemno mécht d'Croix-Rouge den Appell fir nei Spender. Jiddwereen tëschent 18 a 60 Joer, all Persoun déi iwwer 50 Kilo weit an eng gutt Gesondheet huet, ka Spender ginn.

Wat eigentlech sinn déi alleréischt Schrëtt, déi ee muss ënnerhuelen, fir säi Blutt kënnen ze spenden? Wat geschitt mam Blutt? Wouropper muss een oppassen am Fall vun enger Tätowéierung? Däerf ee Blutt spenden, wann een erkaalt ass? Froen iwwer Froen deenen d'Emissioun Am Fong op de Fong geet.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat der Dokter Andrée Heinricy, Responsabel Departement Prise de Sang bei de Croix-Rouge.

Episoden

10 Prozent vun der Planzendiversitéit zu Lëtzebuerg si fort

10 Prozent vun der Planzendiversitéit zu Lëtzebuerg si fort

De Botaniker a Fuerscher Guy Colling vum natur musée ass den Invité, am Kader vum Weltdag vun de menacéierten Aarten.
headphones

57 min

play_arrow

Take Off - Science Challenge Show

Invitéiert sinn zwee Wëssenschafts-Kommunikatoren: D'Lucie Zeches an de Joseph Rodesch, allebéid vum Fonds National de la Recherche, FNR.
headphones

55 min

play_arrow

Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm

Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
headphones

55 min

play_arrow
Achtsamkeet a Rou am Schoulalldag

Achtsamkeet a Rou am Schoulalldag

Kanner an der Grondschoul hunn dacks hektesch Deeg ouni Pausen. D'Achtsamkeetspädagogin Danielle Thurmes suergt dofir, datt si déi kréien.
headphones

56 min

play_arrow

Wikipedia op Lëtzebuergesch

D'Vertrieder vun der ASBL Wikimedia, mat der Missioun fräit Wëssen ze verbreeden an iwwer Wikimedia-Projeten ze sensibiliséieren: Marc Espen, Jean-Louis Gindt a Gilles Peter.
headphones

55 min

play_arrow

Spagat tëschent Schoul a Beruffswelt

De Sascha Lang ass Invité, de Sujet ass Inklusioun.
headphones

54 min

play_arrow

Angscht viru Kënschtlecher Intelligenz?

Wéi wäert AI eis Gesellschaft, eis Kultur an den Aarbechtsmaart veränneren? Äntwerte ginn et vum Prof. Dr. Christoph Schommer.
headphones

56 min

play_arrow

Gläichstellung am Sport: Eraus aus dem Abseits!

Invitée ass d'Joëlle Letsch. Mat der fréierer Presidentin vum Fraerot ginn d'Ënnerscheeder tëschent Mann/Fra am Sport analyséiert.
headphones

56 min

play_arrow

Mobbing an der Schoul

Invitéiert sinn d'Claire Russon, Attachée à la direction am CePAS an de Kevin Veiga, deen iwwer seng Experienz als gemobbte Persoun schwätzt.
headphones

55 min

play_arrow

Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen

Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
headphones

56 min

play_arrow

E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?

Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
headphones

55 min

play_arrow
Sozial Ongläichheeten an Antidiskriminéierung

Sozial Ongläichheeten an Antidiskriminéierung

Mat der Antidiskriminéierungstrainerin a Kënschtlerin Manon Diederich geet rieds iwwer Muechtverhältnisser a Minoritéiten an der Gesellschaft.
headphones

56 min

play_arrow

INFPC: en ëffentleche Service am Déngscht vum Lifelong-learning

D'Anne Oswald, Responsabel vu lifelonglearning.lu an d'Cathia Gromczyk, Responsabel fir d'Kommunikatioun beim INFPC, sinn am Studio.
headphones

56 min

play_arrow

Seniors For Climate Luxembourg: Am Kampf géint d'Klimakris

De Norbert Noben, de Simon Norcross an de Lucien Reger sinn allen dräi Member vun der jonker Associatioun an Invitéen am Studio
headphones

55 min

play_arrow

Inclusioun: Lobbyismus an Aktivismus

De Sascha Lang ass haut Invité fir iwwer Aktivismus a Lobbyismus ënner Mënsche mat Behënnerung ze schwätzen
headphones

55 min

play_arrow

Accès zu Bildung an ongläiche Gesellschaften

D'Professorin Dr Tanja Betz ass Expertin an der Fuerschung vun Inegalitéit am Schoulsystem an an der non-formaler Bildung. Si konzentréiert sech op d'Relatioun mat den Elteren an de Famillje
headphones

55 min

play_arrow
Grousseltere ginn, Grousseltere sinn

Grousseltere ginn, Grousseltere sinn

Als Enkelkanner gëtt ee gebuer. An d'Roll vun de Grousseltere wiisst een eran. Invitéeë sinn d'Tania Hemmer aus der Eltereschoul an d'Juliane Gallion, dräifach Boma.
headphones

56 min

play_arrow

Bloe Mäerz - Preventioun géint Daarmkriibs

Invitée ass d'Dr Claire Dillenbourg vun der Santé, medezinesch a wëssenschaftlech Coordinatrice vun de Kriibs Depistage Programmer
headphones

56 min

play_arrow

opus 100,7 - dem radio 100,7 seng Schwësterchen

Mam Luc Boentges iwwer d'Kreatioun vum neien 100,7-Klassik-Webradio. Donieft geet rieds iwwer de Stellewäert vun der Klassik mat den OPL-Museker Adam Rixer a Choul-Won Pyun.
headphones

57 min

play_arrow

TikTok a Big Data

Et gëtt haart iwwer e Verbuet vun TikTok nogeduecht. Wou sinn d'Gefore vun der chineesescher Social Media Plattform?
headphones

55 min

play_arrow