Am Fong
Blutt spenden - Mënschen hëllefen
55 min
Wie Blutt spent, kann aktiv dozou bäidroe fir d'Liewe vun anere Mënschen ze retten oder vu Kranken a Blesséierten ze verbesseren. Jiddweree kann a sengem Liewen gesondheetlech an eng Phas kommen, an där hien ofhängeg vu anere Leit hirem Blutt oder Plasma ass. Deemno ass et wichteg, datt och genuch Leit Blutt a Plasma spenden.
Et brauch een 100 bis 120 Bluttspender den Dag, fir de Besoin vum Land ofzedecken. An de leschte Wochen hat d'Croix Rouge just 60 bis 70 Spender den Dag. Domadder ass de minimale Seuil u Bluttkonserven erreecht, an d'Reservë sollen nees opgefëllt ginn.
D'Coix-Rouge huet e Register, an deem tëschent 13.000 an 14.000 Bluttspender repertoriéiert sinn. Eng Zuel, déi iwwer déi lescht Jore stabel bliwwen ass. Well eis Populatioun awer stänneg wiisst, geet et mat de registréierte Spender net méi duer fir der ganzer Gesellschaft gerecht ze ginn. Deemno mécht d'Croix-Rouge den Appell fir nei Spender. Jiddwereen tëschent 18 a 60 Joer, all Persoun déi iwwer 50 Kilo weit an eng gutt Gesondheet huet, ka Spender ginn.
Wat eigentlech sinn déi alleréischt Schrëtt, déi ee muss ënnerhuelen, fir säi Blutt kënnen ze spenden? Wat geschitt mam Blutt? Wouropper muss een oppassen am Fall vun enger Tätowéierung? Däerf ee Blutt spenden, wann een erkaalt ass? Froen iwwer Froen deenen d'Emissioun Am Fong op de Fong geet.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat der Dokter Andrée Heinricy, Responsabel Departement Prise de Sang bei de Croix-Rouge.
Episoden
Iessstéierungen - Wann Iessen eng Obsessioun ass déi quäält
Invitéeë sinn d'Claudia de Boer, Psychotherapeutin, an d'Nora Schleich, déi eng Table Ronde zum Theema leet a selwer vun Anorexie betraff war.

Liewe mat Problemer mam Gehéier
Invitée ass d'Sabrina Collé, Chargé de Direction vun der ASBL Hörgeschädigten Beratung

Ee Joer am Lëtzebuerger Online Dictionnaire - lod.lu
Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) mécht de Bilan vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire.
Stroum a Gas
No der Stroumpann leschte Weekend am Norde vum Land: Erklärunge vum Marc Meyer, Head of Asset Service, an Alex Michels, Head of Asset Management, allebéid vu Creos.
Centre Formida
E Bildungsuert fir Jonker mat prekäre Bildungsbiographien. Invitéë sinn d'Viviane Hansen, Chargée de direction vun der Arcus ASBL, a Begleedung vum Laura, Theo a Sven.
Eurosonic 2023
En Ausbléck op d'Lëtzebuerger Participatioun um gréissten europäesche Showcase Festival am hollännesche Groningen, wou dëst Joer eng 350 Acts wäerten optrieden.
Vum Mann zum Papp
D'Gebuert vun engem Kand verännert alles. Mam Psycholog Jean Fischbach geet Rieds iwwer d'Roll vum Papp.
Gutt Virsätz: Neistart oder Selbsttäuschung?
Mam Psycholog Sacha Bachim geet rieds iwwer d'Bedeitung vu gudde Virsätz um psychologesche Plang,
Schlechte Schüler - Net vu schlechten Elteren
Déi sechst Episod vun der Podcast Serie
Inklusioun - Aktiounsplang 2.0
De Sascha Lang ass Invité mam Tëscherapport vum Aktiounsplang 2.0.

CGDIS sicht Fräiwëlleger fir de Groupe de Sauvetage Aquatique
De GSAQ gëtt ëmmer da geruff, wann et zu Pompjeesasätz am Waasser kënnt. Invité ass de Chef de Groupe adjoint, de Lieutenant Jérôme Gloden.

Jugendlechen eng Perspektiv ginn
... an hiert Potenzial ausschaffen, dat ass d'Aufgab vu Youth + Work. Virdru steet awer d'Vertrauen an d'Gefill nogelauschtert ze kréien. Invité ass de Coach Robert Theissen.
Erkältung, Gripp, Covid an RS
Invité ass den Dr. Jean-Marc Weber. Mam Generalist schwätze mir iwwer d'Erkältungszäit.

Podcast: Schlechte Schüler
Kann d'Schoul an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg bleiwen, wéi se ass? Ëm déi Fro geet et an der fënnefter Episod vun eiser Podcast-Serie.
SOS Détresse - Hëllef iwwer Telefon an online
Deen anonymme Berodungsdéngscht hëlleft iwwer Telefon an online all Persoun, déi an Nout ass. D'Jessica Levy ass Psychologin an erkläert d'Aarbecht.
100 Joer Radio
Et ass dee séiersten, intiimsten a schéinste Medium. Haut feiere mir de Radio!

Kanner, déi net bei hirer Gebuertsfamill kënne liewen
Wat mécht dat mat de Kanner a wéi kënne Professioneller hëllefen, si ze ënnerstëtzen? Dat froe mir d'Psychologin a Psychotherapeutin Chantal Feltgen.

Sproocherkennung op Lëtzebuergesch
De Sven Collette vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch iwwer déi nei Sproocherkennungs-App, déi eng automatesch Transkriptioun vu geschwatem Lëtzebuergeschen erméiglecht.
