Am Fong
Totalitarismus zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
55 min
De 27. Januar waren et 78 Joer hier, datt d'sowjetesch Arméi d'KZ Auschwitz-Birkenau befreit huet an domadder gouf d'Ausmooss vun den NS-Verbriechen allgemeng bekannt.
Hei zu Lëtzebuerg huet am Juni 1941 de Gauleiter Simon ordonéiert Schëffleng an d'Gemeng Esch anzebannen. Dat ass den Ausgangspunkt vum Buch "Im Griff des Nazionalsozialismus", dat de Musée national de la Résistance et des Droits Humains publizéiert huet.
Wat ass deemools zu Schëffleng passéiert? Wéi huet den totalitären Alldag zu Lëtzebuerg wärend der Besatzung ausgesinn? Wat fir eng Roll hunn d'NS-Frauenschaft an d'Deutsche Frauenwerk gespillt? Wat war den NS-Fliegerkorps?
Am Fong geet deene Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann ass am Gespréich mam Historiker Jérôme Courtroy.