Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

D‘„Nordstad“-Gemenge Bettenduerf, Dikkrech, Ierpeldéng, Ettelbréck, Schieren a Colmar-Bierg si wëlles zesummen e regionale „Centre de Secours“ ze bauen. Am Prinzip sollen awer déi lokal Pompieren viru funktionéieren an dezentral agéieren. Déi nei Pompierskasär soll vrun allem als Logistikzentral déngen. Datt sou e regionale Bau méi wéi néideg ass, erkläeren d’Pompier’s-Kommandante vun Ettelbréck, Jos Tholl a vun Dikkrech, Jean-Claude Bachstein wéi den DP-Deputéierten André Bauler. Béid Kommandanten wëllen sech awer net festleeën op déi nei Kasär op de Fridhaff soll kommen.
Den Dossier gëtt presentéiert vum J-Pol Roden.

(Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen