Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

De SPOS, Service de psychologie et d'orientation scolaire, ass e Service deen sech ëmmer weider entwéckelt, well et vu Joer zu Joer nei Aufgaben ze léise gëlt. Haut ass een dann och wäit ewech vu renger Schoulhëllef – wat déi eigentlech Aufgab vrum SPOS mol war ! Dëser Deeg war weider ze héieren, datt an deen eenzelnen SPOS’en Leit géinge feelen. Vun offizieller Säit kruet den 100,7 doriwwer awer keng Äntwert. Am Dossier vum Dag beliit de J-Pol Roden d’Aarbecht vum SPOS, um Beispill wéi deen am Wëlzer Lycée funktionéiert.
(Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen