Biotop
Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
14 min

D'Grompere si gesond, maache sat. Se sinn d'Basis fir eng helle Wull u Platen a sinn einfach am Gaart ze zillen.
D'Gromper, déi initial aus den Ande kënnt, an als Zierplanz bei eis eriwwer koum an Europa, gouf séier als Grondnarungsmëttel ugebaut. Dat ass am 18. Joerhonnert esou wäit gaangen, datt aner Grondnarungsmëttele wéi de Weess bal verschwonne sinn. D'Resultat war eng grouss Hongersnout an Irland duerch d'Ufällegkeet vu Krankheete bei der Gromper.
Grompere sinn haut net méi aus eisem Iessen ewech ze denken. Gromperen am Gaart selwer unzebauen ass net schwéier, well et eng Planz ass, déi keng Uspréch stellt. Wann een op e puer Saachen oppasst, kann een elo am Mäerz ufänken ze séien, fir am Juni fréistens mat der Recolte unzefänken. D'Gromper ass frou mat der Sonn an huet et gäre fiicht, awer se sollt all Joer op eng anerer Plaz am Gaart geplanzt ginn, well si ee Starkzehrer ass.
Krankheete kann ee vermeiden, wann ee mat genuch Espace planzt an d'Gromper am A behält, wa se wiisst. Et gëtt iwwer 5.000 Zorte Grompere weltwäit, an alle Gréissten, Formen, Faarwen a Konsistenzen. Dofir eegent sech Gromper fir déi ënnerschiddlechst Platen op der ganzer Welt. No der Recolte sollt een d'Gromper donkel, dréchen a kill lageren.
Och d'Séissgromper oder den Topinambur kann een als Gromperenersatz ouni Weideres gebrauchen, fir Ofwiesslung a seng Kichen ze bréngen. Béid Zorte si genee esou gesond wéi déi normal Gromper.
Gromperen, méi fester (z. B. Nicola, Charlotte) eegne sech besser fir Zaloten oder gebrode Gromperen, blann Gromperen oder gekachte Gromperen
Gromperen, méi mëller (z. B. Bintje, Monalisa) eegne sech gutt fir Püree, Gnocchi, Krocketten, Zoppen a Fritten
Well et esou vill verschidden Zorte Grompere ginn, mécht et Sënn opzepassen, wéi eng Zort sech am beschten eegent, fir verschidde Platen.
Informatioune mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Episoden

Naturpedagogik a "Léieren an der Natur"
Zwee interessant Projete vun natur&ëmwelt, déi sech virun allem un d‘Kanner adresséieren

Bierenuebst schneiden
Gutt geschnidden, bedeit eng gutt Rekolte

Wéi gesond sinn eis Fléissgewässer?
Explikatioune vum Tobias Mosthaf

De Naturschutzzentrum A Wiewesch
Den Naturschutzzentrum A Wiewesch vun der Naturverwaltung läit matzen am Duerf zu Manternach an engem eemolege Bauerenhaff.

2024 ass e wichtegt Joer fir den Natur- an Ëmweltsyndikat SIAS
1974 gegrënnt, feiert de Syndicat intercommunal de l'assainissement du bassin hydrographique de la Syre, 50 Joer.
Fro däi Coiffeur
Dee Projet vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL huet als But iwwer wichteg a sensibel Ëmwelttheemen ze sensibiliséieren, dat an engem Kader, dee jiddwerengem bekannt ass, de Coiffeurssalon.
Flosspartnerschaft Syr
D‘Flosspartnerschaft Syr ass en oppent Portal fir jiddwereen, deen am Anzuchsgebitt vun der Syr lieft a sech fir d‘Waasser asetze wëllt.

Séien an der Zär oder op der Fensterbänk
Aus Som seng eege Setzplanzen ziichte fir an de Gaart ass mat Aarbecht a Gedold verbonnen, mee, d‘Resultat rentéiert sech.

Den Naturschutzzentrum Ellergronn
Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht.

Hieselter, Hieselnëss an Hieselnësskichelcher
D’Hieselnoss schmaacht net nëmme gutt, mee ass ganz gutt fir eis Gesondheet, an de Hieselter-Bam ass einfach ze planzen am Gaart a brauch och net vill Opwand.

De Naturschutzzentrum Biodiversum Camille Gira op der Musel
Haut stelle mir iech deen drëtte vu fënnef Naturschutzzentre vun der Naturverwaltung vir; nämlech de Biodiversum am wonnerschéinen Naturschutzgebitt “Haff Réimech”. Am Studio ass de Steve Jungen, Responsabel vum Biodiversum an der Sensibiliséirung bei de

Den ideale Wantergaart fir d'Natur an d'Déieren
Am Gaart geet et am Wanter méi roueg zou, trotzdeem ginn et Handgrëffer, déi et der Natur an Ëmwelt méi einfach maache fir duerch de Wanter ze kommen.

Brockelcher - Choux de Bruxelles: kleng Vitaminn-Bommen
Elo ass d‘Zäit vu komesche Gestalten am wanterleche Geméisgaart, de Brockelcher, déi just bei kalen Temperaturen hiren onvergläichbare Goût produzéieren.

Bongerten an Dréchemaueren
D'Wichtegkeet vu Bongerten an Dréchemaueren an eiser Landschaft

De Bam an d'Gewan an den Nationalen Dag vum Bam
Struktur-Elementer an der Landschaft spillen eng wichteg Roll fir d‘Déierewelt a sinn dofir och en zentraalt Element.

Den Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort
"Eng aner Siicht op d'Natur“

Wanterporetten
D’Wanterporett ass ee ganz gesond Geméis, wat een iwwer de ganze Wanter frësch aus sengem eegene Gaart oder aus dem Geméisrayon kann iessen.

2000 m2 fir eis Ernährung, alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
Mam Projet gëtt probéiert, Iessgewunnechten, de Verbrauch vu landwirtschaftlecher Fläch an den Ëmweltschutz de Leit méi no ze bréngen.

Den Naturschutzzentrum Burfelt zu Ënsber
Natur all inclusiv
