Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

Fir der Nofro, déi net zu lescht duerch d’Aféieren vun de Chèques Services staark an d'Luucht gangen ass, nozekommen, huet d’Stad Lëtzebuerg no séiere Léisunge gesicht, wat d’Ënnerbrénge vun Foyer scolaires ugeet. Op der Rentrées- Pressekonferenz huet d’Schoulschäffen Vivane Loschetter matgedeelt, datt weider Container bestallt wieren, an am Laf vun den nächste Wochen a Méint installéiert géifen, fir esou nei an néideg Raimlechkeeten fir Kanner am Primairschoulalter ze bidden. De Buergermeeschter Paul Helminger huet d’Press invitéiert esou Container vu bannen ze besichtegen. D’Joëlle Drees ass dëser Invitatioun nokomm, an huet sech vun de Responsabelen den Alldag am Foyer Scolaire Demy Schlechter erkläre gelooss.
(Rediff.)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen