Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

D’"nei Bréck“ verbënnt, niewt der „Passerelle“ oder der „aler Bréck“, de Garer Quartier mat der Uewerstad. De Projet fir eng Bréck an der Verlängerung vum Boulevard Royal ze bauen geet an d'Joer 1887 zréck. D'Pläng goufe vum franséischen Ingenieur Paul Séjourné gezeechent – an de 14. Juli 1900 hat de Groussherzog Adolphe de Grondsteen geluecht. 3 Joer méi spéit, de 24. Juli 1903 gouf d'Bréck dann hirer Bestëmmung iwwerginn. An de leschten Jore war „d’nei Bréck“ méi wéi eemol an d’Diskussioun geroden well Stécker erofgefall woren – a well se muss renovéiert an och fir den Tram méi breet gemach ginn. Wou een am Hierscht 2010 mat dëse Pläng drun ass a wéini d’Aarbechten mam Setze vun enger provisorescher Bréck lass ginn – huet de J-Pol Roden fir den Dossier vum Dag nogefrot.

(Rediff.)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen