Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

Zënter Jore gi besonnesch d’Velo’s-Kompetitiounen vum ‚Fléau’ Doping begleet – an dat heescht net méi an net manner, wéi datt verschidde Sportler verbuede Medikamenter schlécken, fir hir Leeschtungen ze steigeren – wat natierlech onfair ass géintiwwer de Géigner, déi net dopen. Lo huet et dann, wéi et schéngt, och den Här Contador, Gewënner vum Tour de France 2010, erwëscht. D’Mëttel Clenbuterol gouf bei enger Dopingkontroll am Tour 2010 bei him fonnt. De Fall Contador a wat et mat Clenbuterol op sech huet kommentéieren am Dossier vum J-Pol Roden d’Anik Sax, Médecin-chef am Kampf géint den Doping zu Lëtzebuerg an den COSL-Präsident Marc Theisen. 
(Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen