Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

All Mënsch, deen am Land wunnt, soll bannent kuerzer Zäit – do stinn 10 Minutten am Raum – gehollef kréien, wann eppes geschitt. Dat ass eent vun den Ziler, dat mam Iwwerschaffen vum nationale Rettungswiesen ugeduet ass. Bis Mëtt 2012 soll dann en detailléierte Gesetzesprojet op den Instanzewee geschéckt ginn, datt dës néideg Reform, nach virum Enn vun der aktueller Legislaturperiod ëmgesat gëtt. Bis dohinner gëlt et awer nach eng Rëtsch Problemer ze léisen, erkläert de J-Pol Roden.

(Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen