Radioen

On air

9 bis 1  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Närstoffer an der vegetarescher/veganer Ernärung

Närstoffer an der vegetarescher/veganer Ernärung

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Gesond ouni Déierefetter, ob wat gëllt et opzepassen, wann ee sech vegetaresch oder vegan ernärt, a wat bedeiten an deem Kontext kritesch Närstoffer?

Selen, Eisen, Kalzium, Zénk, Vitaminn B12 a Vitaminn D

Erklärunge vun der Dieteticienne Stéphanie Rosquin:

Gesondheetsskandaler an de leschte Joren, de Wonsch géint d'Ausbeutung vun Déieren an d'Massendéierenhaltung ze kämpfen, souwéi reliéis Iwwerzeegungen, eethesch Wäerter an de Wonsch no Ëmweltschutz si Grënn sech fir eng reng planzlech Ernärungsweis ze entscheeden. Awer och Gesondheet a Wuelbefannen spillen eng entscheedend Roll. Wann ee gutt plangt, kann een et gutt hikréie säin Närstoffbedarf ze decken. Trotzdeem bleiwe puer Mikronärstoffer méi schwéier ofzedecken. Kleng Tricke kennen hëllefen.

Kritesch Närstoffer sinn Närstoffer, op déi ee sech bësse méi muss konzentréieren, fir datt ee se genuch an der Ernärung huet fir sengen eegene Besoine gerecht ze ginn, wéi z. B.

Omega 3 Fettsaieren
Eisen
Iod
Vitaminn B12
Vitaminn D
Zénk

Am Vegane kommen nach Kalzium, Selen a B2 dobäi. Et muss een awer soen, datt d'Versuergung mat Iod a Vitaminn D och an der allgemenger Populatioun kritesch ass. Ausser dem B12 kritt een all déi Närstoffer iwwer d'Ernärung.

Omega 3

Omega 3 ass bëssen eng komplizéiert Saach. Et gi verschidden Omega Fettsaieren, mee déi zwou, déi hei wichteg sinn, sinn den Omega 6 an den Omega 3.

Omega 6 an Omega 3 sti bëssen a Konkurrenz fir opgeholl ze ginn. Mir iesse vun Natur aus genuch Omega 6, mee net genuch Omega 3. Dofir pocht een ëmmer méi op Omega 3 wéi op Omega 6. Omega 6 fördert éischter Entzündungen. Omega 3 ass dogéint éischter entzündungshemmend. Et ginn zwou verschiddene Filièren innerhalb den Omega 3 Fettsaieren: EPA an DHA. Déi eng feelt komplett an der Planzewelt. Quelle si Fësch, Crustacé a Leinueleg (huile de lin), awer an deem Ueleg feelt eng vun deenen zwou Filièren an oppassen, deen Ueleg soll een net erhëtzen.

Eisen

Eisen hëlleft beim Energiestoffwiessel a spillt eng entscheedend Roll an der Bildung vun de roude Bluttkierpercher an am Sauerstofftransport vum Kierper. Duerch déi zwou wichteg Funktiounen dréit Eisen och dozou bäi manner midd ze sinn.

Ausserdeem spillt Eisen eng wichteg Roll am Immunsystem a verbessert eng normal kognitiv Funktioun, dat kann hëllefe bei Konzentratioun asw. D'Opnam vum Eisen aus eiser Ernärung ass komplex. Fir dës Opnam ze verbesseren, soll ee Vitaminn C derbäi huele wéi z. B. Péiterséileg, Uebst mat Vitaminn C, Paprika, Gromperen ...

De Schwiefel aus Knuewelek an Zwiwwele verbessert och Opnam vum Eisen, geneesou Sauerdeegbrout (virun allem Roggensauerdeeg). Et kann een och zum Beispill seng Nëss aweechen an dann emol kuerz réischteren.

Koffein dogéint hemmt éischter Opnam, dofir besser ëmmer mat Ofstand zum Iessen huelen an net direkt dobäi oder direkt duerno.

Iod

Iod pillt eng wichteg Roll fir Schilddrüs, gutt Quelle si Iodsalz oder d'Norialg (déi schwaarz Alg beim Sushi). Déi kann een a bësse Sesamueleg an der Pan réischteren an dann iwwer Zalot maachen.

Vitaminn B12

B12 Ass reng an den déieresche Produkter enthalen. E Vegetarier kritt se nach duerch genuch Mëllechprodukter an Eeër. E Veganer muss Zousaz anhuelen. B12 spillt ënner anerem eng wichteg Roll am Nervesystem. Et ass wichteg seng Wäerter testen ze loossen a sech vum Dokter beroden ze loossen. Eng aner Quell: Zahnpasta mat B12

Zénk

Zénk ass ee Bestanddeel vun Enzymer a Proteinnen am Kierper a spillt eng wichteg Roll am Immunsystem, op der Haut a bei der Heelung vu Wonnen, awer och um Niveau vum Insulin.

Gutt Quellen si Vollkornprodukter, Roggesauerdeeg, Huewerflacken a Lënsen

Kalzium

Hält Knachen an Zänn stabil, mee spillt och eng wichteg Roll an der Bluttgerënnung a spillt op Zellenniveau eng ganz wichteg Roll.

Gutt Quellen si Mëllechprodukter, Waasser mat vill Kalzium. Soja an Tofu, Mandelen, Sesam a Brokkoli, Kabes enthale vill Kalzium mee d'Biodisponibiltéit ass net grad esou gutt, well déi sougenannt Oxalseier a Ballaststoffer d'Opnam vum Kalzium hemmen. Pak Choi, grénge Kabes a Kale sinn interessant. Vill Salz fërdert d'Ausscheede vum Kalzium, grad wéi Kaffi. Wichteg ass Planzemëllech ze wielen, déi mat Kalzium ugeräichert gëtt.

Selen

Selen ass Bestanddeel vun Enzymer am Kierper a ass deemno wichteg virun allem am Schutz viru fräie Radikalen, déi Zelle beschiedege kënnen. Indirekt spillt en och eng Roll am Schilddrüsenhormonhaushalt an am Immunsystem.

Gutt Quelle fir Vegetarier oder Veganer: Zwou Paranëss iessen, fir säi Selen ze kréien. Zwou ginn duer.

B2

B2 oder Riboflavin ass eng ganz liichtempfindlech Vitaminn. B2 spillt eng wichteg Roll a ville Reaktiounen am Kierper: Zell-Funktion, Wuesstem an Entwécklung, mee och am Protein- an Energiestoffwiessel. Ouni Vitaminn B2 gëtt also alles gebremst. Et fënnt ee B2 virun allem a Mëllechprodukter an am Kéis. Dofir ass et bei de Veganer e kriteschen Närstoff. Et kann een och praktesch doheem seng Keimlingen ziichten.

Episoden

Raps-, Sonneblummen-, Fluesssom-, Noss-, Drauwen- oder Olivenueleg?

Raps-, Sonneblummen-, Fluesssom-, Noss-, Drauwen- oder Olivenueleg?

Gesiedegt an ongesiedegt Fettsaieren, Omega-3 an Omega- 6, wat ass ze beuechten?
headphones

7 min

play_arrow

Duerch de Klimawandel dat ganzt Joer iwwer Bëschzecken

Duerch de Klimawandel dat ganzt Joer iwwer Bëschzecken

D'Bëschzecken hunn et gär fiicht a wotlech, seet den Dokter Georges Jacobs, deen déi kleng Plogeeschter zanter 25 Joer méi genee ënner d'Lupp hëlt.
headphones

5 min

De Knuewelek, beléift als Gewierz an Heelplanz

De Knuewelek, beléift als Gewierz an Heelplanz

En Allheelmëttel, therapeutesch Wierkungen an e Genoss an der Kichen

Vum 2.-11. Mee: Semaine de la Santé affective et sexuelle

Vum 2.-11. Mee: Semaine de la Santé affective et sexuelle

Fir déi drëtt Editioun vun dëser Sensibiliséierungswoch proposéiert de CESAS fënnef Theemeberäicher mat 24 Acteuren a 25 Evenementer.
headphones

4 min

Prett fir 42 Kilometer ze lafen? - 2/2

Prett fir 42 Kilometer ze lafen? - 2/2

Mam richtegen Iessen an Drénken d'Performance am Sport verbesseren.
headphones

7 min

play_arrow
Prett fir 42 Kilometer ze lafen? - 2/2

Prett fir 42 Kilometer ze lafen? - 2/2

Mam richtegen Iessen an Drénken d'Performance am Sport verbesseren.
headphones

7 min

play_arrow
Puer Dausend Echantillone pro Joer zu Lëtzebuerg

Puer Dausend Echantillone pro Joer zu Lëtzebuerg

De rezenten Liewensmëttelskandal ronderëm d'Produite vun der Mark Kinder werft Froen op a punkto Liewensmëttelsécherheet.

Fësch op Karfreideg

Fësch op Karfreideg

Vill Leit tauschen op Karfreideg (dëst Joer de 15. Abrëll 2022), oder och soss freides, d'Stéck Fleesch géint e Fësch Menü.

"Et geet eisem Planéit net all ze gutt"

"Et geet eisem Planéit net all ze gutt"

Eis individuell Entscheedungen an eist Konsumverhalen hunn en direkten Impakt op eis Ëmwelt an domadder och op eis Gesondheet.

D'Quantitéit an d'Qualitéit si méi wichteg wéi fest Iesszäiten

D'Quantitéit an d'Qualitéit si méi wichteg wéi fest Iesszäiten

Hongerpause si wichteg, awer si dierfen net zu Mangelernierung féieren.

Kierper a Geescht entspane mat Beweegung an Danz

Kierper a Geescht entspane mat Beweegung an Danz

Sech reegelméisseg beweegen hëlleft negativ Gedanken a kierperlech Tensioune lasszeginn.
headphones

6 min