Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

Mam Zil géint d’sozial Exklusioun duerch d’Wunnen virzegoen, gouf virun engem Joer d’Agence Immobilière sociale gegrënnt. Der AIS hir Missioun ass et adaptéiert Logementer ze fannen, fir Leit mat niddrege Revenuen zur Verfügung ze stellen. D’AIS gouf vun der Fondation Accès au logement, déi aus der Wunnengshëllef a.s.b.l. ervirgaangen ass, zesumme mam European anti poverty network gegrënnt. D’Joëlle Drees huet mam Gilles Hempel, Chargé de Direction, de Joresbilan gezunn.
(Rediff.)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen