Am Fong
Neie Rainbow Center - E Safe Space
55 min
Dës Woch mécht zu Lëtzebuerg deen éischte Rainbow Center seng Dieren op. E bitt der LGBTIQ+ Community zu Lëtzebuerg e sougenannte Safe Space, eng Plaz, wou d'Queer Communautéit zesummefënnt, eng Plaz, déi der Queer Zeen Visibilitéit gëtt.
Dës Plaze si wichteg, do kënnen nämlech queer Persoune sech esou ginn a liewen, wéi si sinn, ouni ze fäerten, jugéiert ze ginn. Des weidere bidden dës Plazen Austauschméiglechkeeten.
Et ass ëmmer nach wichteg, datt LGBTQ Persoune sech fir hir Rechter asetzen. Et ass scho vill geschitt um Plang vun der Gläichheet, mee och wann de Mariage an d'Adoptioun tëschent gläichgeschlechtleche Mënsche méiglech ass, stinn nach verschidden Hürden am Wee, zum Beispill bei der Unerkennung als Elteren.
De rezente Rainbow Index ergëtt, datt et zu Lëtzebuerg keng Progrèse beim Schutz vun LGBTIQ-Rechter vu sexuellen a geschlechtleche Minoritéiten gëtt. Am europäesche Ranking verléiert de Grand-Duché zwou weider Plazen an ass elo op Nummer siwen.
Fir der LGBTQ Communautéit Visibilitéit ze schafen, ass d'Pride net méi ewechzedenken. D'Fest gëtt traditionell an der éischter Juli Woch gefeiert. Engersäits bréngt si de Leit d'Queer-Kultur méi no, anerersäits gëtt op déi gesellschaftlech Fuerderunge vun der LGBTQIA+ Community opmierksam gemaach.
Wisou brauch d'Communautéit 2023 ëmmer nach sougenannt Safe Spaces, a wat genee passéiert am Rainbow Center? Wat sinn eigentlech a Saache Gläichstellung d'Fuerderunge vun der Zeen zu Lëtzebuerg?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. Invité beim Natasha Ehrmann ass den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg.
Episoden
Iessstéierungen - Wann Iessen eng Obsessioun ass déi quäält
Invitéeë sinn d'Claudia de Boer, Psychotherapeutin, an d'Nora Schleich, déi eng Table Ronde zum Theema leet a selwer vun Anorexie betraff war.

Liewe mat Problemer mam Gehéier
Invitée ass d'Sabrina Collé, Chargé de Direction vun der ASBL Hörgeschädigten Beratung

Ee Joer am Lëtzebuerger Online Dictionnaire - lod.lu
Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) mécht de Bilan vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire.
Stroum a Gas
No der Stroumpann leschte Weekend am Norde vum Land: Erklärunge vum Marc Meyer, Head of Asset Service, an Alex Michels, Head of Asset Management, allebéid vu Creos.
Centre Formida
E Bildungsuert fir Jonker mat prekäre Bildungsbiographien. Invitéë sinn d'Viviane Hansen, Chargée de direction vun der Arcus ASBL, a Begleedung vum Laura, Theo a Sven.
Eurosonic 2023
En Ausbléck op d'Lëtzebuerger Participatioun um gréissten europäesche Showcase Festival am hollännesche Groningen, wou dëst Joer eng 350 Acts wäerten optrieden.
Vum Mann zum Papp
D'Gebuert vun engem Kand verännert alles. Mam Psycholog Jean Fischbach geet Rieds iwwer d'Roll vum Papp.
Gutt Virsätz: Neistart oder Selbsttäuschung?
Mam Psycholog Sacha Bachim geet rieds iwwer d'Bedeitung vu gudde Virsätz um psychologesche Plang,
Schlechte Schüler - Net vu schlechten Elteren
Déi sechst Episod vun der Podcast Serie
Inklusioun - Aktiounsplang 2.0
De Sascha Lang ass Invité mam Tëscherapport vum Aktiounsplang 2.0.

CGDIS sicht Fräiwëlleger fir de Groupe de Sauvetage Aquatique
De GSAQ gëtt ëmmer da geruff, wann et zu Pompjeesasätz am Waasser kënnt. Invité ass de Chef de Groupe adjoint, de Lieutenant Jérôme Gloden.

Jugendlechen eng Perspektiv ginn
... an hiert Potenzial ausschaffen, dat ass d'Aufgab vu Youth + Work. Virdru steet awer d'Vertrauen an d'Gefill nogelauschtert ze kréien. Invité ass de Coach Robert Theissen.
Erkältung, Gripp, Covid an RS
Invité ass den Dr. Jean-Marc Weber. Mam Generalist schwätze mir iwwer d'Erkältungszäit.

Podcast: Schlechte Schüler
Kann d'Schoul an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg bleiwen, wéi se ass? Ëm déi Fro geet et an der fënnefter Episod vun eiser Podcast-Serie.
SOS Détresse - Hëllef iwwer Telefon an online
Deen anonymme Berodungsdéngscht hëlleft iwwer Telefon an online all Persoun, déi an Nout ass. D'Jessica Levy ass Psychologin an erkläert d'Aarbecht.
100 Joer Radio
Et ass dee séiersten, intiimsten a schéinste Medium. Haut feiere mir de Radio!

Kanner, déi net bei hirer Gebuertsfamill kënne liewen
Wat mécht dat mat de Kanner a wéi kënne Professioneller hëllefen, si ze ënnerstëtzen? Dat froe mir d'Psychologin a Psychotherapeutin Chantal Feltgen.

Sproocherkennung op Lëtzebuergesch
De Sven Collette vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch iwwer déi nei Sproocherkennungs-App, déi eng automatesch Transkriptioun vu geschwatem Lëtzebuergeschen erméiglecht.
