Am Fong
Repairs For Future
55 min
De Michel Heftrich huet sech als Zil gesat mat sengem E-Vëlomobil iwwer 5.000 km uechter Europa ze pedalléieren. Dobäi besicht hien eng 50 Repair Caféen. Dës aussergewéinlech Tour soll op Reparéieren an déi domadder verbonne Kreeslaf-Ekonomie opmierksam maachen.
Wie fléckt, schount wäertvoll Ressourcen a mécht iwwerdeems eppes fir d'Ëmwelt.
Den 23. Mäerz ass d'Rees aus Éisträich vu Wien lassgaangen. Do huet dee geléierten Handwierker en Nol an e Bam geschloen, fir d'Rees an de Projet anzelauden.
Mat sengem Vëlo, a ganz am Trend vum Slow Tourism, fiert de Michel Heftrich duerch Däitschland, Dänemark, Holland, der Belsch, der Schwäiz, Liechtenstein an Italien. Dës Woch mécht hie Statioun hei zu Lëtzebuerg an och an der Emissioun Am Fong.
D'Natasha Ehrmann schwätzt mat him iwwer de Projet an iwwer seng Ambitiounen.