Am Fong
Low- a Zero-Energy-Architektur
55 min
An Zäite vu Präisdeierecht, Energiekris a Kris am Bausecteur gëtt sech a Punkto Architektur Gedanken iwwer d'Nohaltegkeet am Baue gemaach.
Den 21. Juni ass an der Erwuessebildung en Info-Owend zum Theema Low- a Zero-Energy Architektur mat der jonker Architektin Jill Ries. Si huet hir Masteraarbecht iwwer d'Relatioun vun erneierbaren Energien an Architektur an d'Energieperformance geschriwwen, a mat hirem Design e Concours (Rammed Earth House) a Slowenien gewonnen.
Deemno huet si Recherchen am Beräich vun der Low Energy a Zero Energy Architektur gemaach a kann unhand vu konkrete Beispiller ee kritesche Bléck op d'Theema geheien. Donieft erkläert si, wat déi sëllegen Energielabele bedeiten.
Wat awer bedeit Low- a Zero-Energy Architektur? Wéi materialiséiert sech en Null-Energie Haus? Wat ass den Ënnerscheed zu engem Passivhaus? A wat ass de Käschtepunkt? Wéi hëllefen Null-Energie Heiser dem Klimaschutz?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann schwätzt mat der Architektin Jill Ries.
Episoden
Konsumenteschutz - Am Déngscht vum Verbraucher
Invité ass de Pascal Koehnen, Responsabele vum Service contentieux vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC).
Jonk BAD
Invitée am Studio ass d'Lucie Gärtner, d'Presidentin vun der ASBL, déi Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatiouns-Studenten a -Studentinne vertrieden.
Tabu: Suicide bei Jonken - Wann d'Séil wéideet
Invitéë sinn d'Psychologe Fränz d'Onghia vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale an de Jean-Marc Wagner vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires CePAS.
Seismologie: Wann d'Äerd ziddert
Invité am Studio ass den Adrien Oth. Hien ass Geophysiker, Fuerscher a wëssenschaftlechen Direkter vum Europäeschen Zenter fir Geodynamik a Seismologie (ECGS).
Emergency.lu - Technologie am Asaz fir humanitär Hëllef
Mam Max Lamesch, dem Direkter adjoint am Kooperatiounsministère geet rieds iwwer d'Kommunikatiounsplattform, déi am Kader vun der internationaler Katastrophenhëllef agesat gëtt.
Totalitarismus zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
Mam Historiker Jérôme Courtroy geet rieds iwwer d'NS-Organisatiounen zu Lëtzebuerg an d'Buch "Im Griff des Nationalsozialismus".

Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
Fürerschäin - Theorie a Praxis
Invitée: Sam Hau, Member vum Comité vun der Fédération des maîtres instructeurs de conducteurs de véhicules automobiles (FMI) a Fernand Mayer, President vum Farschoulverband.
Safer Internet Day - D'Gefor lauert ee Klick ewech am Fong
De 7. Februar ass de Safer Internet Day (SID). Fir doriwwer ze informéiere sinn d'Deborah Plain an de Jeff Kaufmann vu Bee Secure am Studio.
"Um Ball - 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg"
Invitéeën sinn d'Tessy Troes, Realisatrice vum Documentaire an d'Sarah Muller, Soziolinguistin.
Blutt spenden - Mënschen hëllefen
Invitée ass d'Dokter Andrée Heinricy, Responsabel Departement Prise de Sang bei de Croix-Rouge.

Neurodegenerativ Krankheeten
Den Neurolog, Fuerscher a Professer fir Neurosciencen Prof. Dr. Rejko Krüger ass Invité.
Accessibilitéitsgesetz: méi Barrièrefräiheet
Invité ass de Sascha Lang, dee mam Direkter vum nationale Kompetenzzenter fir d'Accessibilitéit (Adapth), Fabiano Munisso, geschwat huet.
EPSA-App - ee Klick, méi Beweegung
Invitéeën am Studio sinn d'Stéphanie Reiter, Sportenseignante an der Ecole Privée Sainte Anne (EPSA), an d'Joana Lourenco, Schülerin vun enger 2e.
Wien huet Angscht virum béise Wollef?
Den Invité Dr. Laurent Schley ass Biolog an Direkter adjoint bei der Naturverwaltung a beschäftegt sech zanter Jore mat der Ausbreedung vum Wollef.
Meteo 2022 - d'Joer vun de Rekorder
Mam Lucas Mathias, Meteorolog beim nationale Wiederdéngscht MeteoLux, e Bléck an e Bilan vum Joer 2022

Eng Schoul, déi baussen de véier Wänn erlieft gëtt
"Eng dräidimensional Schoul", dat heescht mat alle Sënner ze léieren. Doriwwer geet rieds mam Naturpedagog, fréieren Enseignant a Papp Pit Mischo.
Kriibs a Sexualitéit - en duebelen Tabu
Invitée ass déi Responsabel vum Departement Psychosocial vun der Fondation Cancer, d'Martine Risch. Si ass Psychologin a Psychotherapeutin.
Naturbaustoffer - Bauen an Dämmen mat Stréi oder Leem
Invité ass de Marc Neu, hien ass op Naturbaustoffer spezialiséiert a baut mat Stréi a Leem.
