Radioen

On air

Trendscheif  |  Los Pirañas - El Nuevo Prometeo

play_arrow Live
arrow_back_ios

Am Fong

100komma7.lu / Am Fong

/ Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"

Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Op Initiativ vu Natur&Ëmwelt ginn Insekte rezenséiert, an Dir sidd gefrot matzemaachen.

Vum 9. bis den 18. Juni soll ee sech dofir un engem sonnegen Dag a bei net ze lëftegem Wieder tëschent 10 a 4 Auer eng Stonn Zäit huelen a Mécken, Bommelen oder Himmelsdéiercher zielen.

Am beschte sicht ee sech dofir eng Plaz a sengem Gaart, am Bongert, op enger Wiss oder an engem Park, wou et lauter Bléie gëtt, déi de verschiddenen Insektenaarten als Narung déngen. Am Beschten et fokusséiert ee sech op ee Radius vun zéng Meter maximum.

Natur&Ëmwelt huet Iech d'Saach schonn einfach gemaach an proposéiert Flyeren, op deenen een d'Fotoe vun den 12 verschiddenen Aarte gesäit.

Nieft dem Réckgang vun de Wantervullen hei am Land gëtt zanter e puer Joer och eng Baisse bei der Aartevillfalt vun den Insekten am Grand-Duché registréiert. Fir d'Trende vun de Populatiounen ze iwwerwaachen, an d'Wëssen iwwer d'Insekten an der Bevëlkerung ze stäerken, rifft Natur&Ëmwelt deemno zu der Insekten-Zielung "Méi wéi Beien! Ziel mat!" op, fir an den nächste Joren d'Bestänn vun den Aarten, déi méi dacks virkommen, souwéi d'Populatiounstrende besser aschätzen ze kënnen.

Och d'Enseignantë sinn opgeruff mat hire Schoulklasse bei der Aktioun matzemaachen an de Schüler unhand vun Unterrechtsmaterial vun Natur&Ëmwelt d'Welt vun den Insekte méi nozebréngen.

Wéi steet et genee ëm d'Insekten-Villfalt hei am Land?
Wat fir eng Aarte fléien hei?
Wisou sinn Insekte wichteg Bestanddeeler vun eisem Ekosystem?

Am Fong geet deene Froen op de Fong mat der Biologin Lieke Mevis, déi och Beroderin bei Natur&Ëmwelt ass. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Episoden

Repairs For Future

De Michel Heftrich mécht mat sengem E-Vëlo Statioun an der Emissioun Am Fong.
headphones

55 min

play_arrow

Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"

Invitée ass d'Biologin Lieke Mevis, déi och Beroderin bei Natur an Ëmwelt ass. Si erkläert wéi a wisou d'Insekten-Aarte gezielt ginn.
headphones

55 min

play_arrow
De Musekssecteur organiséiert sech

De Musekssecteur organiséiert sech

Concertssäll, Festivallen, Interpreten, Createuren, an aner Museksberuffer di sech zesummen. Am Virfeld vun den Nationalwale stelle si hir Revendicatiounen un d'Politik.
headphones

56 min

play_arrow
Gemengewalen 2023

Gemengewalen 2023

De Jean-Claude Franck a Maurice Molitor analyséieren d'Resultater vun de Gemengewalen 2023.
headphones

55 min

play_arrow

Hännwäsche rett Liewen

Invitéeë sinn zwou Infirmièren: d'Tina Koch, Infirmière an der Psychiatrie, der Infektiounspreventioun an -kontroll an d'Françoise Schmitt, Infirmière an der Infektiouns-Preventioun.
headphones

55 min

play_arrow

Energiemonitoring mat Smart Homes Do it yourself

Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn zwee Experten am Beräich Do it yourself Smart Homes an Home Assistants.
headphones

55 min

play_arrow

Live vum Stater Maart

Kuerz virun de Gemengewale schwätze mir mat Interessevertrieder aus der Stad. Zu Wuert komme Vertrieder aus verschidde Quartieren, ProVelo an de Stater Geschäftsverband.
headphones

56 min

play_arrow
Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"

Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"

D'Bezéiung ënner Geschwëster ass eng ganz besonnesch, seet d'Nora Van Daele vun der Eltereschoul. Mat Geschwëster léiert ee streiden a sech nees verdroen.
headphones

54 min

play_arrow

Fukushima: 12 Joer noom Supergau

Als Delegatiounsmember fir Transparenz an Informatioun iwwer nuklear Sécherheet war den Atom Expert, Roger Spautz a Japan, a verzielt wat hien do gesinn huet.
headphones

56 min

play_arrow

Spezialemissioun vun Iechternach

Historesches, live aus der eelster Stad vum Land. Gespréicher iwwer d'Sprangpressessioun, d'Ausgruewungen ënner der Petite Marquise an iwwer de Park vun der Abtei.
headphones

55 min

play_arrow

Live vun Esch: Wat bléift vum Kulturjoer 2022 ?

Mir diskutéieren op der Escher Brillplaz mam Artist Serge Ecker, dem artisteschen Direkter vun der Escher Konschthal, Christian Mosar, a mam Escher Kulturschäffen Pim Knaff.
headphones

55 min

play_arrow

ALAN - am Asaz fir maladies rares

Zwou Invitéeën sinn de Mueren am Studio. Déi nei ALAN Presidentin Anja di Bartolomeo an d'Hannah Hommel, déi mat enger rarer Krankheet lieft.
headphones

56 min

play_arrow

Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht

Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
headphones

55 min

play_arrow
Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch

Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch

Am neien Departement vun den Escher Archiven gëtt d'Bevëlkerung opgeruff aktiv matzeschaffen. De Yannick Kieffer, Archivist an Historiker erzielt iwwer de Projet.
headphones

56 min

play_arrow

Inklusioun - Adapto

Mam Sascha Lang analyséiere mir den Adapto an héiere wéi wäit en adaptéiert ass.
headphones

55 min

play_arrow

École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg

Zwee Invitéë sinn am Studio: D'Ernärungsberoderin Simone Dégardin an de Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
headphones

55 min

play_arrow

Täuschend Echt - Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg

Am Virfeld vun der Ausstellung am natur musée eng Visitt mam Botaniker a Curateur
headphones

55 min

play_arrow

Spezialemissioun vun Dikrech

Live vun der Maartplaz: Gespréicher iwwer d'Kavalkad, d'Dikrecher Muséeën, d'Hotelsschoul an Al Dikrech.
headphones

56 min

play_arrow

Neie Rainbow Center - E Safe Space

Invité ass den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg.
headphones

55 min

play_arrow

École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg

Zwee Invitéë sinn am Studio: D'Ernärungsberoderin Simone Dégardin an de Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
headphones

55 min

play_arrow