Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

Leschte Freideg war an der Handwierkerkammer den 1. Passivhausdag zu Lëtzebuerg, organiséiert vum Ordre des Architectes, den Ingénieurs-Conseils, dem Club de l’Energie wéi der Handwierkerkammer. Dat Ganzt sollt Signalwierkung hunn, fir ,à puncto energieeffizient Bauen’ e gesellschaftlecht Ëmdenken mat ze provozéieren. Passivhaiser, déi mat Materiale gebaut ginn, déi eng effizient Ökobilanz hunn, dierften ëmmer méi zur nohalteger Entwécklung vum Land bäidroen. De J-Pol Roden huet nogefrot, wéi déi Responsabel vum Handwierk den Dossier ,Passivhaus‘ upaken an op zu Lëtzebuerg energieeffizient Baue reglementéiert ass. (Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen