Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Dossier vum Dag

Zanter dem 1. Januar 2007 ass d’Agence Nationale pour le programme européen d'éducation et de formation tout au long de la vie – d’ANEFORE asbl – derbäi fir jonk an eeler Leit via dem ,Programme européen pour l’éducation et la formation tout au long de la vie’ ze sensibiliséieren, fir vun enger vun de ville Méiglechkeete Gebrauch ze maache sech weider ze bilden. COMENIUS, GRUNDTVIG, LEONARDO DA VINCI oder ERASMUS heeschen déi respektiv Programmer fir eng europäesch Weiderbildungs-Bourse ze kréien. De J-Pol Roden beliicht e puer Aspekter vum Life-Long-Learning an der nationaler Weiderbildungs-Agence ANEFORE. (Rediff. um 12.20)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen