Soirée Philharmonique

Guy Engels

Live-Matschnëtter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker.

Soirée Philharmonique

Nom Chopin ass de Karol Szymanowski dee wichtegste polnesche Komponist. Mä d'Wierk vun dësem Museker, dee vun der traditioneller Musek vu sengem Land, vum Mahler a vum Richard Strauss, méi spéit och vun de franséischen Impressioniste beaflosst gouf, ass nach ëmmer net bekannt genuch.
Bei Geleeënheet vu sengem 130. Gebuertsdag de 6. Oktober huet de Valery Gergiev “Szymanowski” an der Philharmonie vu Lëtzebuerg dirigéiert an de radio 100,7 consacréiert him 2 Emissiounen.

Haut presentéiert de Remy Franck déi 4. Sinfonie vum Szymanowski a stellt hie mat sengem Stabat Mater och als wichtege Komponist vu Vokalmusek vir. (1. Emissioun: 3. a 7.10.) (Rediff. vu mëttwochs 20.00)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen