Rockultur

Mike Tock

De Mike Tock rockt eng Stonn duerch Indie a Garage, Punk a Psychedelic, Alternativ a Crossover. Mat neie Sortien a Concerts-Propositiounen, mat déckem Gas a coole Beats. Tock'n'Roll eben ...

Rockultur

Rock a Pop international: d’Aktualitéit vum Disk an de Concerten, d’Klassiker, d’Rockgeschicht an thematesch Dossieren. Archive (UK) live unplugged
Archive ass et gelongen d’Frënn vun der électro-pop fir sech ze gewannen an och d’Zeen vum trip ze fideliséieren, déi dës Band jo opkomme gesinn huet. Et schéngt also normal, datt d’Grupp hir Lidder och am akustesche Format proposéiert, ganz ouni elektronesche Schnickschnack. Am Mount Januar proposéiert d’Emissioun Rockultur am 2. Deel vereenzelt Live-Matschnëtter vu verschiddene Gruppen an Interpreten, eng gutt Geleeënheet all d’Facette vum Artist kennen ze léieren.
De Live unplugged vun Archive ass an engem franséische Studio opgeholl ginn, mat just wéineg Spektateuren. Nieft den eegene Kompositiounen héiert Dir och 2 Reprisen: Game Of Pool (Santa Cruz) a Girlfriend In A Coma (The Smiths). . .
Presentéiert vum Cynthia Hornick. (Rediff. samschdes um 22.30)

Rezent Emissiounen

  • Blood Red Shoes

    Si hu grad am Virprogramm vun de Pixies gerockt. Fir d'Afterparty kënnt de briteschen Duo bei eis an de Studio en exklusiven DJ Set spillen.

  • Rockultur

  • Live Gigs

    Mat Live-Extraite vu Popa Chubby, Walter Trout an Ad van der Veen - zolitte Rock a méi filigrane Singer/Songwriting ...

  • Rockultur

    Sound vu gëscht mat Interprete vun haut, en dueble 'back in time' an e Rëckbléck op eis 'Album vun der Woch'-Lëscht ...

  • Dat war den Dour Festival

    Ee Réckbléck op dee gréisste Festival an der Wallonie.

  • Classic Rock

    Rock Klassiker, op am Original oder gecovered ... eng Rees an d'Sechzeger an d'Siwwenzeger

  • Ausbléck op den Dour Festival

    Solange, Kate Tempest an Jonwayne sinn ënnert den Headlinere vum gréisste Festival an der Wallonie. Den Dour ass vum 12. bis de 16. Juli.

  • Leonard Cohen in concert

    90 Minutten aus engem vun de läschte Concerte vum Leonard Cohen, opgeholl 2013 zu Dublin.

  • Classic rock live!

    Mat der Uergel vu Frumpy, de Gittare vu Wishbone Ash, der Mondharmonika vum Jagger, Lord/Page/Gillan an Topform plus de Mr. Slowhand!

  • Classic Rock Live!

    Eng Stonn "back in time" mat Concertsextraiten aus dem Beräich classic rock - fir erëmzehéieren oder fir z'entdecken.

  • Lennon/McCartney Songbook

    Den Duo John Lennon/Paul McCartney ass deen am meeschte gecoverten an der Rock- a Popgeschicht.

  • The Kills

    Déi ideal Astëmmung virum Optrëtt vu VV & Hotel op Esch/Belval!

  • Rockultur

    King Gizzard and the Lizard Wizard hunn en neien Disk erausbruecht.

  • Hold Your Head Up!

    Mam Live-Album vun de Zombies aus dem Shepherd's Bush Empire, Jazz-Rock vun If an e puer Ausflich an d'psychedelic rock-Zäit!

  • Out Of The Crowd 2016

    Eng Stonn rondrëm déi 13. Editioun vum OOTC, déi de Samschdeg, 30. Abrëll an der Kufa iwwert d'Bühn geet.

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen