Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Invité vum Dag

Invité de Moien ass den Architekt Michel Petit, Rieds geet iwwert déi leschten Entwécklungen am Baue mat Holz, wou et en Iwwergang vu simplem Konstruktiounsmaterial op architektonesch Konscht gëtt. Wat Architektur mat Holz alles un neien Technologien matbréngt, kann een den Owend och an enger Konferenz vun der “Revue technique luxembourgeoise”, dem Magazin vun der “Association luxembourgeoise des ingénieurs, architectes et industriels” gewuer ginn.

(Rediff. um 13.30)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen