Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Invité vum Dag

Invité de Moien ass den Architekt Michel Petit, Rieds geet iwwert déi leschten Entwécklungen am Baue mat Holz, wou et en Iwwergang vu simplem Konstruktiounsmaterial op architektonesch Konscht gëtt. Wat Architektur mat Holz alles un neien Technologien matbréngt, kann een den Owend och an enger Konferenz vun der “Revue technique luxembourgeoise”, dem Magazin vun der “Association luxembourgeoise des ingénieurs, architectes et industriels” gewuer ginn.

(Rediff. um 13.30)

Rezent Emissiounen

  • Roland Kuhn

    Um éischte Schaffdag nom Kollektiv-Congé ass de President vun der Federatioun vun de Bau-Entreprisë Gaascht am Studio.

  • Marc Hengen

    Eng honnert Milliounen Euro wäert den Tornado d'Assurancë kaschten, mengt de Branche-Verband ACA. Säin Administrateur-délégué steet Ried an Äntwert.

  • Georges Andrade

    Wat passéiert mat Leit, déi sech déi deier Präisser um Wunnengsmarché net méi leeschte kennen? Dat froe mir den Direkter vun der Wunnengshëllef Asbl.

  • Gespréicher ronderëm den Tornado

    Mat Leit, déi gelidden oder gehollef hunn.

  • Taina Bofferding a Pierre Mellina

    D'Inneministesch an de Péitenger Buergermeeschter erklären, wéi Leit, déi duerch den Tornado geschiedegt goufen an nächster Zäit gehollef kréien.

  • Winfried Heidrich

    E Grupp vu Bierger fuerdert, datt si méi an den Opbau vum neie Wunnquartier op der Areler Strooss agebonne ginn. Mir schwätzen mat engem vun de Grënner vun der Initiativ.

  • Marie-Christine Ries

    Mir froen déi bëschooflech Delegéiert, op si dru gleeft, datt Fraen deemnächst méi eng grouss Roll an der kathoulescher Kierch kennen iwwerhuelen.

  • Peter Hengel

    Geet dat 110-Joer aalt Konzept vun de Jugendherbergen och haut nach duer fir Gäscht unzelackelen? Mir froen den neien Direkter vum Verband.

  • Paul Philipp

    Vill Lëtzebuerger Nationalspiller spille mëttlerweil am Ausland. Mir froen de President vun der Fussball-Federatioun, wat dat fir dat nationaalt Championnat bedeit.

  • François Koepp

    Mam Generalsekretär vun der Horesca schwätze mer iwwert d'Konkurrenz vun AirBnB fir d'Hoteller, de Manktem u Personal an aner Erausfuerderunge fir de Secteur.

  • Guill Kaempff

    Chantieren, deier Loyeren, an Online-Konkurrenz - mussen d'Stater Geschäftsleit ëm hir Existenz fäerten? Dat froe mir de President vum Stater Geschäftsverband.

  • Lydie Lorang

    No iwwer fënnef Joer Paus kéint de Bommeleeër-Prozess nei opgerullt ginn. Ass elo Opklärung a Siicht ass? Dat froe mir d'Affekotin vun engem Beschëllegten.

  • Leo Wagener

    Den Äerzbëschof kritt deemnächst Ënnerstëtzung vun engem Weibëschof an engem zousätzleche Generalvikar. Mir froen den zukünftege Weibëschof, firwat dat néideg ass.

  • Georges Bach

    No zéng Joer am Europäesche Parlament huet den CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler e Schlussstrëch ënner seng politesch Carrière gezunn.

  • René Pizzaferri

    Mam President vun der Patiente Vertriedung schwätze mir iwwer aktuell Sujeten an der Gesondheetspolitik.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen