Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Kultur
Kultur am Gespréich
NANOOK OF THE NORTH vum Robert Flaherty aus dem Joer 1922 gëtt als den éischten Documentaire long métrage vun der Welt an als Meeschterwierk betruecht.
De Flaherty hat 10 Joer laang mat den Eskimoe gelieft ier e säi Film zu INUKJUAK am Kanada gedréint huet. En erzielt wéi den Nanook, säin Titelheld, Dag fir Dag mat den Elementer kämpft, fir sech a seng Famill ze ernähren.
Am Live at the Cinémathèque stung e Freiden den Owend NANOOK OF THE NORTH mat der Musek vum Ensemble Thibaudeau & the Inuit Throat Singers op der Affiche. D’Sylvie Flammang huet sech no der Performance mam franko-kanadesche Pianist, Komponist an Dirigent Gabriel Thibaudeau ënnerhalen, an en als éischt gefrot, wéi en zur Stommfilm Musekskompositioun koum.
Rezent Emissiounen
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Sequenza - Déi éischt Musikerin op der Accademia Filarmonica di Bologna
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen