Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

NANOOK OF THE NORTH vum Robert Flaherty aus dem Joer 1922 gëtt als den éischten Documentaire long métrage vun der Welt an als Meeschterwierk betruecht.
De Flaherty hat 10 Joer laang mat den Eskimoe gelieft ier e säi Film zu INUKJUAK am Kanada gedréint huet. En erzielt wéi den Nanook, säin Titelheld, Dag fir Dag mat den Elementer kämpft, fir sech a seng Famill ze ernähren.
Am Live at the Cinémathèque stung e Freiden den Owend NANOOK OF THE NORTH mat der Musek vum Ensemble Thibaudeau & the Inuit Throat Singers op der Affiche. D’Sylvie Flammang huet sech no der Performance mam franko-kanadesche Pianist, Komponist an Dirigent Gabriel Thibaudeau ënnerhalen, an en als éischt gefrot, wéi en zur Stommfilm Musekskompositioun koum.
 

Rezent Emissiounen

  • D'Nuit des Idées

    D'Nuit des idées versteet sech als Invitatioun, als weltwäiten Opruff fir dem ëffentlechen Austausch vu Gedanken neien Driff ze ginn.

  • Nei Filmer

    Déi englesch Kinnigin Anne, den amerikanesche Boxer Adonis an de franséische Schrëftsteller Edmond.

  • Hollännesch Kannerbibliothéik

    Spreek je Nederlands? Da fannt Dir am Pafendall flott Bicher fir Kanner a Jugendlecher!

  • Bourse Bicherfrënn fir d'Elise Schmit

    Dëst Joer ass d'Elise Schmit ausgewielt gi fir eng Autoreresidenz um Literarisches Colloqium Berlin an zu Buerglënster.
     

  • Zukunft vun der Villa Louvigny

    Den Auditoire vun der Villa huet och nach no den aktuelle Standarden eng remarkabel Akustik, heescht et. D'Renovatioun gëtt de Moment geplangt.  

  • Heiner Müller, e groussen däitsche Dramatiker

    Den Heiner Müller war ee vun de sproochleg talentéiersten a politesch grad ewéi theoretesch strengsten Dramatiker am däitschsproochege Raum.

  • Esch 2022 - Wéi geet et weider?

    D'Generaldirektrice d'Nancy Braun iwwer den aktuelle Stand vun Esch, Europäesch Kulturhaaptstad 2022

  • Filmkritik "Climax"

    Dat lescht Wierk vum Kultregisseur Gaspard Noé war ee vun dräi Filmer, déi d'Martine Reuter an de Michel Delage de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat hunn.

  • Die Tagebücher der Tannen

    Dem Guy Helminger säin neit Buch mat Lyrik ass kierzlech beim Berliner Rugerup Verlag erauskomm.

  • Kritik: A la Cour

    D'Comic-Strip-Serie vun de Feierkrop-Auteure Skif an Dresch kritt een zweet Liewen ënner dem Buchtitel: "Les Très riches heures de la petite Madame de Colmar-Montagne".

  • Dem Jörg Müller säin "Der standhafte Zinnsoldat"

    De Schwäizer Illustrator Jörg Müller zielt dem daperen Zënnzaldot seng Geschicht an haiteger Zäit, aus Zënnzaldot-Perspektiv an ouni Text.

  • Den August Robert Ludwig Macke

    "Ich reisse mir die Bilder Strich für Strich aus dem Hirn", sou den August Macke, de bekanntsten däitsche Moler vum Expressionismus.

  • Elena Ferrante - Lästige Liebe

    Elena Ferrante huet scho virun hirer weltbekannter neapolitanescher Saga geschriwwen. Sou och hiren Debütroman "Lästige Liebe"

  • Steinerne Macht

    Burgen, Festungen und Schlösser aus dem Saarland, Lothringen und Luxemburg kann man ab sofort im historeschen Museum in Saarbrücken sehen.

  • Nei Filmer

    Kino fir ze laache, ze kräischen, an ze fäerten.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen