Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Zanter 1999 hunn Artisten, a Leit, déi am Domaine vun der Kultur schaffen, a kee feste Kontrakt hunn, d’Méiglechkeet, fir sech de Statut d’Artiste, respektiv dee vum Intermittent du Spectacle unzefroen. Dëse Statut soll virun allem hëllefen, fir a Méint, wou si manner verdéngen, hir sozial Laaschten ze bezuelen.
De Kulturministère ënner der Octavie Modert hat d’Gesetz iwwerschafft an d’lescht Joer ee Projet de Loi déposéiert. Déi nei Regierung huet d’Verbesserung vun de Kaderbedingunge fir d’Aarbecht vun Artisten am Regierungsprogramm festgehal, an d’Duerchsetzung vun där neier Legislatioun als prioritär erkläert.
D’Chambre des Salariés huet am Dezember en Avis zum Projet de Loi publizéiert, deen de Sylvain Hoffmann am Gespréich mam Yves Stephany kommentéiert. Ee Punkt, deen d’Chambre des Salariés kritiséiert, ass, dass Artisten an Intermittents du spectacle ënner engem “Titre d’Artiste” solle regruppéiert ginn, wat et méi schwéier géif maachen, fir op deenen eenzelne Leit hir konkret Besoinen anzegoen. (Rediff. Méindeg um 11.30)
 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen