Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

1964 ass den neien Theater oder de groussen Theater, wéi och nach gesot gëtt, an der Stad um Rond Point Schuman offiziell opgaangen.
50 Joer sinn zanter hier an d’Land gezunn an esou e bedeitenden Anniversaire muss och gefeiert ginn.
An dat geschitt den Owend am Stater Theater mat enger Receptioun a Präsenz vun der groussherzoglecher an der ierfgroussherzoglecher Koppel.
Mat dono dann der Opféierung vun engem Highlight aus der Musicalwelt, dem Leonard Bernstein säi Broadway Klassiker WEST SIDE STORY.
De Jean Claude Majerus ennerhält sech mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer iwwert de 50. Anniversaire vum groussen Theater.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen