Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Kito Sounds 6

Muer den Owend bréngt de franséische Placke-Label “Chez Kito Kat” seng 6. Compilatioun eraus. Kito Sounds 6 ass als CD an enger Hand-gebastelter Pochette oder als gratis Download ze kréien. Fir dës Publikatioun ze feieren, organiséiert Chez Kito Kat e Concert mat 3 Nimm aus hirem Katalog am Exit07. Dorënner “Binary & Dyslexic”, eng Kollaboratioun vum “Mr Bios” vu Metz an dem Fred Baus alias “in circles” vu Lëtzebuerg. Mëttlerweil hunn eng ganz Rëtsch Artiste vu Lëtzebuerg Musek um Label vu Metz erausbruecht, dorënner Artaban, Kuston Beater, in circles oder Daily Vacation.
Den Yves Stephany huet sech mam Fred Baus iwwer Chez Kito Kat, iwwer den neie Label-Sampler an iwwer de Concert vu muer den Owend am Exit07 ënnerhal.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen