Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

D’Kanner an d’Jugend un d’Liese kréien, dat ass net nëmmen d’Ziel vun der Educatioun, mee och vun der KIBUM-Ausstellung : déi gréissten däitsch net-kommerziell Kanner- a Jugendbuchausstellung kënnt fir d’13. Kéier op Lëtzebuerg, an zwar an de nationale Literaturzenter op Miersch.
Den Owend elo ass den Optakt vum KIBUM 2014 am CNL zu Miersch; d’Ausstellung dauert bis de 7. Februar.
De Jean Claude Majerus huet sech mat der Presidentin vun der ASBL Freed um Liesen Claudia Schneider iwwert d’KIBUM an och iwwert Kanner- a Jugendbicher ënnerhalen.
 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen