Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Cercle Cité war en Dënschden am Kader vun der Ausstellung “Theo Kerg – de l’école de Paris au tactilisme” eng Table-ronde iwwert “le milieu culturel luxembourgeois sous l’occupation allemande” mam Paul Dostert, Direkter vum “Centre de documentation et de recherche sur la résistance”, der Catherine Lorent, Auteurin vum Buch “Die nationalsozialistische Kunst- und Kulturpolitik im Großherzogtum Luxemburg 1934-1944”, dem Vincent Artuso, Historiker an Auteur vum Wierk “La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale”, an dem Michel Polfer, Direkter vum Nationalmusée. Am Publikum war de Christian Mosar Konschtkritiker an 100,7 Mataarbechter, deen am Interview mam Marie-Paule Fischbach weider Informatiounen iwwert dat däregt Thema gëtt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen