Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Déi lescht Woch war am Mudam um Kierchbierg Vernissage vun der Ausstellung New York-Luxembourg Edward Steichen Award. Gebuede gëtt eng Retrospektive op d’Aarbechte vun all de jonke Laureaten a Laureatinnen, déi dëse Präis, deen et elo zënter 10 Joer gëtt, kritt hunn. Fir d’Ouverture war ë.a. dem Edward Steichen, eminente Fotograf a Curateur, seng Enkelin op Lëtzebuerg komm. D’Francesca Calderone ass selwer eng immens interessant a flott Perséinlechkeet, an d’Cléo Thoma hat d’Geleeënheet, fir Kultur am Gespréich een Interview mat hir ze realiséieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen