Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Kader vum Discovery Zone Luxembourg City Film Festival goung am Ratskeller vum Stater Zerkel och eng Ausstellung op: Holorama vum lëtzebuerger Kënschtler Jeff Desom. An och wann de Festival um Weekend op en Enn goung, bleift d’Expo nach e bësse méi laang. D’Cléo Thoma war se kucken, an hat sech dobäi mam Kënschtler ënnerhalen. Bei dësem Gespréich gouf de Jeff Desom ë. a. ausféierlech Explicatiounen iwwert de Fonctionnement vu senge fënnef schwaarze Këschten, an deenen hien, zesumme mam Olivier Pesch, animéiert Miniaturversiounen an 3D vu Kult-Zeenen aus immens bekannte Filmer no gebastelt huet. Dësen Deel vum Gespréich hate mir d’lescht Woch am Konschtmagazin proposéiert. Fir Kultur am Gespréich proposéiert d’Cléo Thoma weider Extraiten aus dem Interview mam Jeff Desom.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen