Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

D’Marianne Lamour, Invitée vum Discovery Zone Luxembourg City Film Festival, huet schonn eng ganz Rei Long Métragen realiséiert, sou gutt am Documentaire wei an der Fiktioun. Mat Acteure wei Françoise Fabian, Lambert Wilson an Bernard Lecoq. Hiren neien Documentaire La Ruée vers l’Art presentéiert sech wéi eng erstaunlech Bestandsopnam vum Konschtmaart, vun New York iwwer Basel bis Shanghai. Nei Multimillionären, wéi déi aus China an den arabesche Länner, zéien elo d’Ficellen, an hunn den traditionelle Konschtmaart -vun Händler, Kritiker an Institutiounen- op d’Kopp geworf. D’Maggie Steffen hat d’Chance sech mat der Réalisatrice um Discovery Zone Festival z’ennerhalen.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen