Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Haut den Owend ass an der Rockhal d’Première vun där zweeter, grousser Musical-Produktioun, déi den Atelier op Lëtzebuerg bréngt: Notre Dame de Paris. De Moien haten d’Organisateuren d’Press invitéiert, fir ze annoncéieren, dass si fir d’nächst Joer de Musical Rocky Horror Show gebucht hunn. Gläichzäiteg gouf de Journalisten ee Bléck hanner d’Kulisse vun Notre Dame de Paris erlaabt. Den Yves Stephany huet sech mat zwee vun de Sänger a mam Komponist iwwer de Spektakel an iwwer den Alldag vun der Equipe ënnerhal.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen