Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

En Donneschdeg den Owend war, a Präsenz vun der Kulturministesch Maggy Nagel, déi offiziell Ouverture vun neie Kënschtleratelieren an der Annex vum Schlass zu Buerglënster. Gläichzäiteg war de Vernissage vun enger Ausstellung, déi aus dem Projet Artmix entstanen ass. Den Yves Stephany huet mat den Artisten iwwer hir nei Kreatiouns- an Aarbechtsplaze geschwat.

Rezent Emissiounen

  • "Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"

    Déi hypnotiséierend Wierkung vun enger Ideologie - e beandrockenden Documentaire

  • "The Christmas Present" vum Robbie Williams

    De briteschen Sänger bréngt mat deem Album säin éischte Chrëschtdisk eraus. Mat Duetter ë. a. mat Helene Fishcer, Rod Stewart a Bryan Adams.

  • Den Anri Sala béit am Mudam d'Zäit

    D'Motiv, esouwuel bildlech wéi och musikalesch, an d'Verzerre vun Zäit a Raum sinn d'Haaptsujete vum Anri Sala senger Expo am Mudam.  

  • De Batman am Gespréich

    De Batman feiert säin 80. A seng Kompatriote ginn engersäits mat Präisser iwwerschott, anerersäits an d'Pan geklaakt. E Bilan mam Dick Tomasovic.

  • CinEast: Eng Mamm an der Ongewëssheet

    Ass d'Kand bei der Gebuert gestuerwen, wéi et an der offizieller Versioun heescht? De Serb Miroslav Terzić säi Film "Stitches" iwwerzeegt op der ganzer Linn.

  • 40 Joer "Drei Fragezeichen"

    D'Hörspiller vun den Aventurë vun den "Drei Fragezeichen" hunn an de leschte Joerzéngte Generatioune vu Jonker markéiert.

  • CinEast: Albanesch Fraen tëschent Traditioun a Modernitéit

    D'Positioun vun der Fra an der albanescher Gesellschaft ass de Sujet vun "Open Door" vum jonke Realisateur Florenc Papas. Kompetitioun CinEast-Festival.


     

  • Rock de Rack - En Dag ëm an iwwer Gläichberechtegung

    De Gläichberechtegungsministère invitéiert haut de ganzen Dag virun allem Jonker op en Debat zur Gläichberechtung vu Mann a Fra an der Rockhal.

  • Eng Gebuertsdagsausstellung vum ARC

    De Kënschtlerkrees feiert säi 60. Anniversaire mat enger Ausstellung mat 35 Artisten am Schlass zu Veianen.

  • Trauerwallis Omega 90

    Joffer, meng Boma ass dout! Wéi reagéieren am Fall vun Doud an Trauer bei Kanner a Jugendlechen?

  • Nei Filmer

     Mat néng (!) neie Filmer bitt de Kinosprogramm vun dëser Woch nieft Quantitéit och Qualitéit.

  • CinEast: Eng stomm Natur, déi villes seet

    Am esteschen Drama "Scandinavian Silence" flüchten zwee Geschwëster virun hirer Vergaangenheet a verléiere sech an enger verschneiter Bëschlandschaft.

  • Bollywood & Co am Kino um Kierchbierg

    Déi indesch Kinosindustrie ass déi produktiivst op der Welt. Bollywood eleng huet an de leschte Jore ronn 360 Filmer pro Joer produzéiert.

  • Bret Easton Ellis - White

    Den Titel vum amerikanesche Kultauteur Bret Easton Ellis sengem leschte Buch mat Essayen. Hie beschreift, wéi sech Amerika an deene leschte Joerzéngte geännert huet.

  • "Down with Walls!" am Neimënster

    30 Joer nom Berliner Mauerfall schéisse weltwäit nei Mauere wéi Champignonen aus dem Buedem. De Kai Wiedenhöfer fotograféiert se. 

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen