Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

D’lescht Joer hat den CNFL, de nationale Fraerot an Zesummenaarbecht mam Pierre Gricius e Buch erausginn mam Titel Luxemburger Sportlerinnen bei den olympeschen Spielen 1924-2012. Parallel zum Buch gëtt et eng Ausstellung iwwert dat selwecht Thema, déi ee sech beim CNFL gratis ausléine kann. Wéinst dem grousse Succès gouf d’Buch viru kuerzem nei editéiert, an d‘Marie-Paule Fischbach huet sech mat der Ex-Fechterin an Ex-Politikerin Colette Flesch iwwert lëtzebuerger Sportlerinne bei den olympesche Spiller ënnerhalen.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen