Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

20 % sollen an de Kulturhaiser gespuert ginn. an dat betrëfft och Muséeë wéi de Musée National d'Histoire et d'Art oder de Mudam. De Geschichtsmusée an d'Villa Vauban vun der Stad Lëtzebuerg hunn deen Austéritéitsprogramm scho virun 3 Joer matgemaach.
Kommen d'Muséeën en eng Kris an ass déi just finazieller Natur? De 27ten Abrëll bréngt de radio 100,7 e Ronndëschgespréich mat dem Michel Polfer, Direkter vum MNHA, dem Enrico Lunghi, Direkter vum MUDAM an der Danielle Wagner, Direktesch vun den 2 Muséeën vun der Stad Lëtzebuerg zum Sujet vun der Muséeskris.
De Christian Mosar mécht schonn eng Virschau op dat wat am Ronndëschgespréich diskutéiert gouf, dat dës Woch opgeholl ginn ass.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen