Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Viru kuerzem huet d’Elisabeth Chuffart hir regional Tournée La poste populaire ofgeschloss. Di geléiert Infirmière koum 1996 mat hirer Famill op Lëtzebuerg, huet décidéiert nei berufflech Weeër anzeschloen, an 2002 ugefaange mat der Ligue d'improvisation ze spillen, ier se sech am Conservatoire ageschriwwen huet, fir hiren Draam Schauspillerin ze ginn ze realiséieren.
D’Sylvie Flammang huet sech fir Kultur am Gespréich mat der Elisabeth Chuffart iwwert hiren aussergewéinleche Parcours ënnerhalen.
 

Rezent Emissiounen

  • De Message muss weidergoen

    D'Ginette Kolinka huet de Camp d'Extermination vun Auschwitz-Birkenau iwwerlieft. Si huet viru Schüler hir Liewensgeschicht erzielt. Et dierf net vergiess ginn.

  • Jockey, eng Reprise

    De Pitt Simon am Gespréich iwwer d'Stéck vum Guy Helminger a seng Roll.

  • "Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"

    Déi hypnotiséierend Wierkung vun enger Ideologie - e beandrockenden Documentaire

  • "The Christmas Present" vum Robbie Williams

    De briteschen Sänger bréngt mat deem Album säin éischte Chrëschtdisk eraus. Mat Duetter ë. a. mat Helene Fishcer, Rod Stewart a Bryan Adams.

  • Den Anri Sala béit am Mudam d'Zäit

    D'Motiv, esouwuel bildlech wéi och musikalesch, an d'Verzerre vun Zäit a Raum sinn d'Haaptsujete vum Anri Sala senger Expo am Mudam.  

  • De Batman am Gespréich

    De Batman feiert säin 80. A seng Kompatriote ginn engersäits mat Präisser iwwerschott, anerersäits an d'Pan geklaakt. E Bilan mam Dick Tomasovic.

  • CinEast: Eng Mamm an der Ongewëssheet

    Ass d'Kand bei der Gebuert gestuerwen, wéi et an der offizieller Versioun heescht? De Serb Miroslav Terzić säi Film "Stitches" iwwerzeegt op der ganzer Linn.

  • 40 Joer "Drei Fragezeichen"

    D'Hörspiller vun den Aventurë vun den "Drei Fragezeichen" hunn an de leschte Joerzéngte Generatioune vu Jonker markéiert.

  • CinEast: Albanesch Fraen tëschent Traditioun a Modernitéit

    D'Positioun vun der Fra an der albanescher Gesellschaft ass de Sujet vun "Open Door" vum jonke Realisateur Florenc Papas. Kompetitioun CinEast-Festival.


     

  • Rock de Rack - En Dag ëm an iwwer Gläichberechtegung

    De Gläichberechtegungsministère invitéiert haut de ganzen Dag virun allem Jonker op en Debat zur Gläichberechtung vu Mann a Fra an der Rockhal.

  • Eng Gebuertsdagsausstellung vum ARC

    De Kënschtlerkrees feiert säi 60. Anniversaire mat enger Ausstellung mat 35 Artisten am Schlass zu Veianen.

  • Trauerwallis Omega 90

    Joffer, meng Boma ass dout! Wéi reagéieren am Fall vun Doud an Trauer bei Kanner a Jugendlechen?

  • Nei Filmer

     Mat néng (!) neie Filmer bitt de Kinosprogramm vun dëser Woch nieft Quantitéit och Qualitéit.

  • CinEast: Eng stomm Natur, déi villes seet

    Am esteschen Drama "Scandinavian Silence" flüchten zwee Geschwëster virun hirer Vergaangenheet a verléiere sech an enger verschneiter Bëschlandschaft.

  • Bollywood & Co am Kino um Kierchbierg

    Déi indesch Kinosindustrie ass déi produktiivst op der Welt. Bollywood eleng huet an de leschte Jore ronn 360 Filmer pro Joer produzéiert.

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen