Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Kader vun der Biennale “Design City” proposéiert de Mudam dëse Mount eng Serie vu 4 Konferenzen mam Benjamin Loyauté. De Konférencier ass ënner anerem Chercheur am Beräich Design, hie war 2007 Co-Commissaire vun der Ausstellung “Design contre Design” am Grand Palais zu Paräis, an 2010 Commissaire op der Biennale Internationale de Design de Saint-Etienne. No weidere Missiounen, ënner anerem a China, gouf hie ganz rezent als Commissaire vun der nächster Design-Biennale vu Saint-Etienne ernannt. Bei senge Virträg am Mudam geet et him drëms, fir souwuel den Attente vun deenen, déi am Design kënneg sinn, wéi awer virun allem och dem Grousse Publikum gerecht ze ginn. D’Cléo Thoma huet vu sengem éischte Besuch hei zu Lëtzebuerg, am Kader vun deem Konferenzenzyklus, profitéiert, fir sech mam Benjamin Loyauté z’ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen