Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Nationalmusée um Fëschmaart war leschten Donneschdeg een duebele Vernissage: den 3. Stack mat Molerei aus dem 13. bis d’19. Joerhonnert huet als éischten, nei renovéierten Deel vum Musée, seng Dieren nees opgemaach, an et gouf eng Ausstellung mat Wierker vum lëtzebuerger Artist Roland Schauls inauguréiert. E Mëttwoch hat de Kënschtler bei enger Visite fir d’Press ausféierlech Explikatiounen zu senger Aarbecht ginn. Den Yves Stephany proposéiert een Zesummeschnëtt aus dem Roland Schauls sengem Virtrag.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen