Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Zanter dem 18. Mee ass déi 13ten Kanner- a Jugendbuchauteurs-Residenz zu Iechternach amgaangen.
Besser bekannt natierlech ënner där méi populärer Denominatioun “Struwwelpippi kommt zur Springprozession”
Den invitéierte Schrëftsteller, dee bis de 16. Juni seng Residenz huet, ass den däitschen Auteur Finn-Ole Heinrich.
Den 31 Joer jonken Auteur ass virun allem duerch säi Jugendroman “Räuberbande” bekannt ginn, e Roman dee bal schonn en absoluten “MUST” op de Première vun de meeschte Schoulen zu Hamburg ass. 2011 koum dem Finn-Ole Heinrich säin éischt Kannerbuch “Frerk, du Zwerg!” eraus, e Buch dat 2012 den däitsche Jugendliteraturpräis an der Kategorie “Kannerbuch” krut.
De Finn-Ole Heinrich ass iwwerdeems och fir den däitsch-franséische Jugendliteraturpräis nominéiert, e Präis, deen de Mëtteg am Kader vun der Kanner- a Jugendbuchmesse zu Saarbrécken proklaméiert gëtt.
Et ass ewell schonn déi 14. Editioun vun dëser Kanner- a Jugendbuchfoire an der saarlännescher Haaptstad, se huet gëschter ugefaangen an dauert nach bis e Sonndeg mat.
Explikatioune Jean Claude Majerus
 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen