Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Wann Der dëser Deeg duerch d’Ënneschtgaass gitt, fällt se Iech bestëmmt op: un der Fassade vum Casino Lëtzebuerg-Forum d’Art contemporain ass zënter kuerzem eng Aart wäiss Pyramid befestegt, déi e puer Meter wäit iwwert den Trëttoir, a souguer iwwert d’Strooss eraussteet. A wann dann op eng Kéier uewen un der Spëtzt ee Kapp opdaucht, stellt ee fest, datt et sech am Fong ëm ee Balkon handelt. Déi opfälleg Konstruktioun ass ee Kënschtlerprojet vun de Schwäizer Sabina Lang an Andreas Baumann. Fir Kultur am Gespréich huet d’Cléo Thoma mat hinne geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen